Golf net méi just eng Sportaart fir Pensionären an Elitt
Prezisioun, Konzentratioun a Konditioun – alles dat sinn Atouten, déi ee beim Golf brauch.
Ganz dacks ofgestempelt als de Sport vun de Pensionären, ass et hautdesdaags eng beléifte Sportaart, déi net méi just fir d‘Elitten zougänglech ass. Och hei am Land géing ee bei deene fënnef Clibb eng Tendenz no uewe bemierken, virun allem beim jonken Zouwuess. 3.500 Lizenze sinn den Ament bei der Lëtzebuerger Federatioun enregistréiert.
Mir hunn zwee vun de beschte Spiller aus dem Land iwwert d‘Schëller gekuckt. De Patrick Rahmé an den Nicolas Winandy hunn eis matgeholl an d‘Welt vum Golf. Ob wat kënnt et un a wat mécht dëse Sport besonnesch. Alle béid hu si jonk mam Golf ugefaangen an dat wier och gutt esou, fir mat de Joren déi néideg Erfarung ze kréien a seng Technik ze optiméieren. Ma Golf wier awer och nach ëmmer e gudde Sport, fir am spéiden Alter unzefänken, well et schounend ass fir d‘Gelenker.
Golf wier awer och e Sport, dee mental ganz usprochsvoll wier, well ee bei all Schlag déi richteg Decisioun muss huelen.
Allerdéngs wier Golf och ëmmer méi bei der jonker Generatioun beléift an dat hätt een och bei der Lëtzebuerger Golffederatioun bemierkt, déi immens vill Aarbecht an hire Jugendkader stécht. Momentan si 16 Jonker am Alter vun 12 an 20 Joer am nationale Kader vertrueden.