Bayern oder Bayer?

© Photo by INA FASSBENDER / AFP
Aussergewéinlech Renconter: Am Allersmatch vun den Aachtelsfinallen an der Champions League treffen zwee däitsch Toppveräiner openeen. Wéi e Match gëtt et?
Et kënnt net all Dag vir, dass déi zwee Toppveräiner aus engem Land an der Champions League openeen treffen. FC Bayern München géint Bayer 04 Leverkusen - fir munchereen schonn den neien däitsche "Clasico" - heescht den Owend d'Affiche, a wann ee reng op d'Statistik kuckt, dierft et eng kloer Saach gi fir d'Münchener.
Vun 103 Partië konnt den FCB der 59 gewannen. 22 Mol hu se gläich gespillt, genee sou dacks hat B04 dat bessert Enn fir sech. 335 Goler sinn an all dëse Matcher gefall - 3,25 pro Partie an der Moyenne - nëmme 5 Mol goung dësen Duell bis elo mat engem 0-0 op en Enn. Deemno stinn d'Chancë gutt, dass den Owend markéiert gëtt.

© Pixabay
D'Bayern hunn zanter Kuerzem mat Bayer en neie Géigner op Aenhéicht, déi an der Bundesliga d'Verfolgerroll vun Dortmund iwwerholl hunn. Den ultimative Succès gouf et d'lescht Joer, wéi aus "Vizekusen" endlech de Bundesligameeschter Leverkusen ginn ass. On top koum de Gewënn vum DFB-Pokal. An dee Géigner vum Rhäin ass entretemps konstant méi staark, wéi et de Granden vun der Isar léif ass.
Wann déi ganz Statistike kloer fir d'Bayern schwätzen, sou erginn déi méi rezent Resultater awer e ganz anert Bild. Säit d'Werkself vum fréiere Bayernspiller Xabi Alonso trainéiert gëtt, weist de Formbarometer konstant no uewen. De Spuenier versteet säin Handwierk an huet als Trainer bis elo nach net géint seng fréier Ekipp verluer. De Münchener Coach Vincent Kompany konnt nach keen Duell géint den Alonso gewannen.
D'Bayern brennen also drop, de Leverkusener eng Leçon ze ginn, an op europäescher Bün ze weisen, wie wierklech Meeschter ass am däitsche Futtballhaus. Grad sou grouss ass awer och d'Gefor, datt se sech dobäi d'Fanger verbrennen. Wéi dacks huet Bayer nach an der Nospillzäit de Kapp aus der Schléng kënnen zéien? Dat ass keen Zoufall. Et ass en Zeeche vu Qualitéit, an dass d'Ekipp funktionéiert. Wat bei Bayern net ëmmer de Fall ze si schéngt.

© Pixabay
Dat Bescht, wat den däitsche Futtball ze bidden huet, trëfft den Owend an enger Aachtelsfinall vun der Champions League openeen. Inclus déi aktuell beschten däitsch Spiller Jamal Musiala a Florian Wirtz. Et verwonnert net, dass grad elo rëm nei Gerüchter gestreet ginn, d'Bayern wéilten de Wirtz fir déi nächst Saison un d'Isar lackelen. Am Basketball géif een déi Taktik wuel mam Wuert "Trash Talk" ëmschreiwen.
Eng net onwichteg Roll wäert de britteschen Arbitter Michael Oliver spillen. Seng giel Kaart sëtzt nawell labber, sou dass déi virbestroofte B04-Spiller Wirtz, Xhaka a Frimpong besonnesch gutt oppasse mussen, fir net fir de Retourmatch nächsten Dënschdeg gespaart ze ginn.
FCB oder B04? Op RTL ZWEE an RTL.lu iwwerdroe mir dësen Allersmatch an der Champions League. Um 21h00 gëtt zu München ugepaff.