Zu Getafe huet d'Ekipp vum Diego Simeone eng 1:0-Féierung an de leschte Minutten aus der Hand ginn. Real klëmmt no Victoire op déi 2. Tabelleplaz.

An Italien bleift Neapel um Leader Inter drun. D'AS Roum konnt sech zu Empoli duerchsetzen.

Chelsea konnt nom Erfolleg ManCity iwwerhuelen a steet den Ament nees op enger Champions-League-Plaz. Am Spëtzematch gouf et en 1:1-Remis tëscht ManU an Arsenal.

Fir Frankfurt gouf et dogéint déi drëtt Defaite hannerteneen an der Bundesliga. Am Kellerduell hunn Hoffenheim an Heidenheim d'Punkte gedeelt.

Bundesliga

Frankfurt - Union Berlin 1:2
1:0 Batshuayi (13'), 1:1 Querfeld (62'), 1:2 Jeong (78'),

D'Ekipp vum Dino Toppmöller huet déi éischt an eenzeg gutt Méiglechkeet an der 1. Hallschent genotzt fir mat 1:0 a Féierung ze goen. De Batshuayi hat fir seng Faarwe getraff. Vun Union koum ze wéineg, esou datt d'Säite mam 1:0 gewiesselt si ginn. Nom Téi war et en anert Bild um Terrain. D'Gäscht ware méi aggressiv an doduerch och besser an der Partie. Vu Frankfurt koum ze wéineg. Union ass et banne 16 Minutten duerch de Querfeld an de Jeong gelongen, de Match ze dréinen. Frankfurt krut an der Nospillzäit nach en Eelefmeter fir sech gepaff, den Ekitiké konnt de Ball awer net am Filet ënnerbréngen. Et blouf deemno bei der knapper Defaite fir d'Heemekipp.

Hoffenheim - Heidenheim 1:1
1:0 Tabakovic (34'), 1:1 Zivzivadze (65')

Zu Hoffenheim hu béid Ekippen d'Punkte gedeelt. TSG war an der 1. Hallschent besser an ass verdéngt mat 1:0 a Féierung gaangen. D'Gäscht hunn awer dogéint gehalen an hunn no der Paus ausgeglach. Heidenheim huet alles probéiert, déi dräi Punkte mat Heem ze huelen, et sollt hinnen awer net geléngen. Heidenheim feelen elo scho 6 Punkten op eng Net-Ofstigsplaz.

Premier League

Chelsea - Leicester 1:0
1:0 Cucurella (60')

Chelsea huet sech géint den Zweetleschten aus der Tabell schwéier gedoen. An den éischte 45 Minutten huet de Palmer fir d'Heemekipp en Eleefmeter net erakritt. An der 2. Hallschent konnt de Cucurella Chelsea awer erléisen. Dee Gol ass duergaange, fir sech 3 Punkten ze sécheren an an der Tabell op déi 4. Plaz no vir ze réckelen.

Manchester United - Arsenal 1:1
1:0 Fernandes (45+2'), 1:1 Rice (74')

Arsenal ass am Old Trafford dominant opgetrueden, richteg geféierlech virum Gol gouf et awer net. Op der anerer Säit huet de Fernandes aus dem Näischt den 1:0 markéiert. Et war eng glécklech Féierung fir d'Heemekipp. Nom Säitewiessel ass et hin an hir gaange, well béid Ekippen offensiv Chancen erausgespillt hunn. De Rice konnt an der 74. Minutt ausgläichen. Et war weiderhi spannend a béid Ekippen hu probéiert den entscheedende Gol ze markéieren. Et ass awer beim 1:1 bliwwen. De Retard vun Arsenal op Liverpool läit elo scho bei 15 Punkten, d'Gunners hunn awer nach e Match manner gespillt.

Serie A

Neapel - Florenz 2:1
1:0 Lukaku (26'), 2:0 Raspadori (60'), 2:1 Gudmundsson (66')

No enger knapper Victoire géint Florenz bleift Neapel um Leader Inter drun an huet weiderhi just ee Punkt Retard op d'Nerazzurri. De Lukaku an de Raspadori hunn d'Goler fir d'Heemekipp markéiert. D'Gäscht sinn duerch de Gudmundsson nach emol erukomm, den Ausgläich ass awer net méi erausgesprongen.

Empoli - AS Roum 0:1
0:1 Soulé (1')

La Liga

Getafe - Atlético Madrid 2:1
0:1 Sörloth (75', Eelefmeter), 1:1 Arambarri (88'), 2:1 Arambarri (90+2')

An der 1. Hallschent kruten d'Spectateure more Kascht gewisen. Et goufen op béide Säite keng Golchancen. Nom Téi waren d'Gäscht liicht besser an de Sörloth huet no engem Eelefmeter den 1:0 markéiert. An der 88. Minutt gouf de Correa vun Atlético mat enger rouder Kaart vum Terrain gesat. No enger animéierter Schlussphas huet Getafe d'Partie an Iwwerzuel gedréint a banne 4 Minutten zwee Goler markéiert. Den Arambarri war mat sengen 2 Goler de Mann vum Match. Fir Atlético war et e Réckschlag an der Lutte ëm d'Meeschterkroun a Spuenien.

Real Madrid - Rayo Vallecano 2:1
1:0 Mbappé (30'), 2:0 Vinicius jr. (34'), 2:1 Diaz (45+2')

Real huet sech knapp awer verdéngt géint Rayo Vallecano behaapt a sech an der Tabell nees laanscht Atlético geschafft. An der 1. Hallschent war Real duerch Mbappé a Vinicius junior a Féierung gaangen. D'Gäscht konnten awer nach virun der Paus duerch den Diaz verkierzen. An der 2. Hallschent si keng Goler méi gefall. Real huet an der Tabell elo genee souvill Punkte wéi de Leader Barcelona. Barcelona huet awer e Match manner gespillt.