D’Lëtzebuerger Damme verléieren och hiren zweete Match beim Pre-Quali-Turnéier géint Zypern a verpassen domat hiert Zil vun op mannst enger Victoire.

Dammenhandball: Lëtzebuerg schléisst Quali-Turnéier op der leschter Plaz of

D’FLH-Damme musse weider op hir éischt Victoire an engem offizielle Match zënter 2019 waarden. Lëtzebuerg verléiert och säin zweete Match an der Pre-Qualifikatioun fir d’EM 2026 géint Zypern mat 21:26. E Géigner, géint deen een 2021 schonn an der EM-Quali gespillt a knapp verluer hat (19:21). Deemno hat ee sech fir dëse Match méi erhofft.

D’Rout Léiwinne konnten den Ufank dës Kéier méi ausgeglach gestalten an hu sech net esou séier ofhänke gelooss wéi géint d’Belsch e Samschdeg. No 15 Minutte stoung et 5:5. D’jonk Lëtzebuerger Ekipp huet nees vill technesch Feeler a Feelschëss produzéiert, awer bei Wäitem manner wéi géint d’Belsch. Dat huet och dozou geféiert, dass d’Zypriotinne kuerz virun der Paus aus engem 8:9 en 8:12 maache konnten.

D’Ekipp vum Nationaltrainer Michel Scheuren hat e schlechte Start an déi zweet Hallschent a louch no 38 Minutte 10:16 hannen. Duerno koum d’Ekipp ronderëm d’Kapitänin Tina Welter besser an de Match a war an der 45. Minutt bis op ee Gol drun (16:17).

Uschléissend waren d’Zypriotinnen nees méi treffsécher virum Gol, wou se d’Minutte virdrun dacks un der Maewa Huberty hänke bliwwe waren, a Lëtzebuerg hat net méi genuch Zilwaasser am Tank, fir de Match ze dréinen. Zypern konnt an dëser Phas souguer op 9 Goler ewechzéien an huet domat d’Grondlag fir d’Victoire geluecht.

D’FLH-Damme schléissen dës Campagne deemno mat zwou Néierlagen of, wat hiren eegenen Uspréch net gerecht gëtt. D‘Zilsetzung vum Nationaltrainer Michel Scheuren war op d’mannst eng Victoire géint Zypern. Et heescht deemno aus dëser Erfarung ze léieren an déi jonk Ekipp weider ze forméieren. Fir d'Tina Welter war et no enger laanger Zäit de leschte Match an der Dammen-Nationalekipp.