Stroossen ass d'Ekipp vun der Stonn an der BGL Ligue

© Val Wagner (Archiv)
Stroossen ass nieft dem Tabelleleader FC Déifferdeng 03 an der BGL Ligue d'Ekipp vun der Stonn. D'Una huet zanter Enn Oktober net méi verluer.
No der Wanterpaus goufen et fir déi Stroossener a sechs Matcher véier Victoiren an zwee Remisen. E Sonndeg huet sech d'Ekipp vum Trainer Stefano Bensi 3:1 zu Diddeleng duerchgesat.
"Eng Serie hält iergendwann eng Kéier op. Mir probéieren, weider esou ze schaffen an déi Serie auszebauen. Wou mer lo stinn, hu mer eis selwer erschafft. Lo geet et an den 9 leschte Matcher vum Championnat drëm, de Maximum vu Matcher ze gewannen. Wann et méiglech ass, se all ze gewannen, da wanne mer se all, mä wéi gesot, mat deem Kollektiv an där Spuer bleiwen an um Enn vun der Saison sti mer do, wou mer ze stoen hunn.", esou de Stroossener Trainer.
Déifferdeng huet sech 2:0 zu Hesper behaapt. Duerch d'Defaite vum Swift ass Stroossen elo op der drëtter Plaz an der Tabell, ee Punkt hannert Diddeleng, zwee virum Racing an dräi virun Hesper. Den FCD03 huet un der Tabellespëtzt mëttlerweil eng Avance vu 15 Punkten op den F91 op der zweeter Positioun.