FIFA-Prozess: Et bleift beim Fräisproch fir Blatter a Platini

© AFP/Fabrice COFFRINI
Am Appell-Prozess ronderëm ee presuméierte Bedruch a Milliounenhéicht blouf et also beim Fräisproch aus éischter Instanz.
En Dënschden huet e Geriicht am Schwäizer Muttenz de Fräisproch aus éischter Instanz fir de fréiere FIFA-President Joseph S. Blattter (89) an de fréieren UEFA-President Michel Platini (69) confirméiert. De Parquet hat am Virfeld Prisongsstrofe vun engem Joer an 8 Méint op Sursis fir déi fréier héich Futtball-Fonctionnairë gefrot.
Am Summer 2022 waren de Joseph Blatter an de Michel Platini am Prozess ronderëm eng Bedruchsaffär fräigesprach ginn. Béide Männer gouf virgehäit, dass de Blatter a senger Funktioun als FIFA-President dem Platini ouni noweisbare Grond zwou Milliounen Euro iwwerwisen huet. Déi zwee Beschëllegt hunn deemools uginn, dass déi Suen ee mëndlech ofgemaachenen Honoraire wieren, déi dem Platini wéinst senge FIFA-Berodunge vun 1999-2002 zougestanen hätten. De Blatter hat hei vun engem ''Gentlemens Accord'' geschwat. Well kee Bedruch konnt nogewise ginn, gouf et 2022 fir béid Männer ee Fräisproch.
De Parquet souwéi och d'FIFA selwer, ënnert hirem neie Chef Gianni Infantino, sinn deemools géint dat Urteel an Appell gaangen. Een Appell, deen also elo net zréckbehale gouf.
Den haitege FIFA-President Gianni Infantino gëllt als de gréisste Profiteur vum FIFA-Skandal, dee virun 10 Joer opgeflu war. Den deemolegen UEFA-Generalsekretär hat vum Blatter sengem Récktrëtt souwéi och dem Glafwierdegkeetsverloscht vu sengem designéierte Nofollger Platini profitéiert, an ass 2016 zum neie FIFA-President gewielt ginn.
Dem Michel Platini säin Affekot, den Dominic Nellen, huet am Prozess präziséiert, dass dës Affär just opkomm wier, fir de Michel Platini dovunner ofzehalen, FIFA-President ze ginn. D'FIFA hätt senger Meenung no schonn op politeschem a medialem Niveau géint de Platini gewonnen, well dësen den Infantino net méi géif menacéieren.