Andréck vum 21. Spilldag vun der zweethéchster Divisioun am Lëtzebuerger Futtball, vum deem déi 5 éischt Matcher e Sonndeg, den 23. Mäerz gespillt goufen.

Sämtlech Matcher vun der Éierepromotioun kënnt Dir jo an der RTL Live Arena kucken – natierlech live an dono och am Replay op RTL PLAY (bis bei d'Live Arena erofscrollen).

Hei driwwer am Video en Zesummeschnëtt a manner wéi enger Minutt mat véier ganz flotte Goler vum 21. Spilldag, fir d'éischt diffuséiert an eiser Futtballsemissioun Goal um Méindeg den Owend op der Tëlee.

Déi véier flott Goler mat ënnert anerem engem spektakuläre Fräistouss an de Wénkel sinn aus dëse Partien (allkéiers mam Schlussresultat hannendrun):

Berbuerg - Kanech 0:1 (komplette Match an der Live Arena)
Walfer - Mamer 0:2 (komplette Match an der Live Arena)
Biissen - Steesel 2:0 (komplette Match an der Live Arena)
Etzella - Feelen 1:1 (komplette Match an der Live Arena)

Hei geet et bei den 21. Spilldag an der Éierepromotioun.

An der RTL Live Arena fannt Dir nieft de Matcher vun der Éierepromotioun natierlech och nach e sëllegen aner Sportaarten: Basketball, Handball, Volleyball ...

Hei de komplette Programm vun den nächsten Deeg an och de Replay.