"Dat dierf eis jo awer elo net aus der Spuer bréngen"Éischt Néierlag fir Stroossen an der BGL Ligue zanter Oktober zejoert

Franky Hippert
All Serie huet en Enn, dat gëllt och an der ieweschter Divisioun vum Lëtzebuerger Futtball fir Stroossen.
© Christophe Mersch

Um 22. Spilldag huet sech d’UNA Stroossen doheem 1:3 géint Munneref misse geschloe ginn. Et ass déi éischt Néierlag fir déi Stroossener zanter dem 26. Oktober zejoert. Dëst no 10 Spilldeeg um Stéck ouni Defaite.

Dem Trainer Stefano Bensi no dierft d’UNA sech elo net aus der Spuer brénge loossen:

“Et huet jo jiddereen dat erwaart. Sou, elo ass et komm. Dat dierf eis jo awer elo net aus der Spuer bréngen. Mir musse weider schaffen. Et sinn nach 24 Punkten um Spill. Mir sinn nach ëmmer um Podium, souwäit ech weess. Vun dohier fuere mer weider. Wéi gesot, haut wëll ech emol dat heite fir d’éischt analyséieren. Mir mussen elo eis emol op d’Been setzen, fir zu Nidderkuer performant ze sinn an do déi dräi Punkten ze huelen.”

De Stefano Bensi erkläert, wéi et no der Néierlag weidergeet

An der Tabell steet Stroossen op der 4. Plaz, punktgläich mam Drëtten Hesper. Um 23. Spilldag reest d’Ekipp vum Stefano Bensi e Samschdeg bei de 6. Nidderkuer. De Progrès ass just zwee Punkten hannert der UNA.

Back to Top
CIM LOGO