Dat Wichtegst ass, datt de Sport déi Wäertschätzung kritt, déi e verdéngt

13 Joer laang war den André Hoffmann un der Spëtzt vum nationalen Olympesche Comité, elo huet de Michel Knepper dës Positioun iwwerholl.
E Samschdeg huet de Vizepresident vu bis elo, de Michel Knepper, um Kongress vum COSL d'Presidence vum Daachverband vum privatorganiséierte Sport hei am Land iwwerholl. Fir den neie President vum Lëtzebuerger Comité Olympique ass ee Punkt an den nächste Joren dat Wichtegst.
"Dass einfach de Sport déi Wäertschätzung soll kréien, déi en a Wierklechkeet verdéngt. Mir hunn 137.000 Lizenzéierter zu Lëtzebuerg. Mir hunn 20.000 Benevoller, déi am Sport täteg sinn. Mir hu Leit, déi hire Sport als Loisir bedreiwen. Quasi en Drëttel vun de Leit an eiser Gesellschaft si mam Sport confrontéiert. An ech hätt gäre just do, dass dat vers sa juste Valeur, dass dat soll och da kënnen honoréiert ginn."
Am leschte Staatsbudget huet de Sport just 0,24 Prozent ausgemaach. D'Zil ass et nach ëmmer, mëttelfristeg bei op d'mannst ee Prozent ze kommen. De Sportminister Georges Mischo huet op deem Kongress annoncéiert, datt déi nei Maison des Sports op d'Cloche d'Or soll kommen. Den neien COSL-President Michel Knepper geet dovun aus, datt d'Federatiounen Enn 2027 an déi nei Lokalitéite kënnen eraplënneren. Zwee Joer drop soll dat ganzt Land op de Spiller vun de klenge Länner, déi dann am Grand-Duché sinn, "Sport zu Lëtzebuerg liewen".