Déifferdeng verpasst Big Points, Bierchem souverän

D’Red Boys sinn net iwwer e Gläichspill géint Esch erauskomm, wärend Bierchem mat Käerjeng kuerze Prozess gemaach huet.
Hären
Obwuel Esch näischt méi mam Titelkampf ze dinn huet, wäerte si e Wiertche matschwätzen, wann et drëms geet, wie Lëtzebuerger Champion 2025 gëtt. Um 7. Spilldag huet d’Ekipp vum Trainer Rajko Milosevic e grousse Kampf géint d’Red Boys Déifferdeng gebueden a sech mat engem 24:24 belount. Duerch d’Bierchemer Victoire stinn Déifferdeng an d’Réiserbänner punktgläich un der Tabellespëtzt.
Fir Déifferdeng war et den drëtten Heemmatch hannerteneen, an op en Neits hat een d’Gefill vun engem Déjà-vu. Wéi scho géint Diddeleng a Bierchem war Déifferdeng schlecht an de Match gestart, fir sech an der zweeter Hallschent ze erkréien.
D’Escher Defense stoung iwwer wäit Strecke vun der éischter Hallschent zolidd, a wann e Ball duerchkoum, hate si am Hugo Costa Figueira e staarke Réckhalt. Sou haten d’Red Boys et schwéier, zu Goler ze kommen. Dobäi koumen nach déi vill technesch Feeler an der Attack. Et war dohier net verwonnerlech, dass d’Gäscht no 12 Minutte 7:2 vir waren.
Esch konnt dëse Virsprong duerchgoend halen. Mat enger Duebelparad konnt den Déifferdenger Golkipp Mudrinjak, dee bis dohi kee wierkleche Facteur war, an de leschte Sekonne virun der Paus verhënneren, dass Esch mat engem Avantage vu 6 Goler an d’Kabinne goung (14:9).
Wéi schonn an den zwee leschten Heemmatcher hunn d’Red Boys am zweeten Duerchgang den Tempo ugezunn an hir Ugrëffer méi konzentréiert duerchgespillt. Och hire Golkipp Mudrinjak koum op Temperatur a sou konnt Déifferdeng an der 46. Minutt ausgläichen an duerno souguer d’Féierung iwwerhuelen, déi éischt zënter dem 2:1 an der 4. Minutt.
D’Escher waren no 40 Minutte midd, well si quasi zu 6 duerchgespillt hunn. Dat huet sech och dora gewisen, dass hinnen tëscht der 40. a 50. Minutt just zwee Goler gelonge sinn. An der Crunchtime krute si awer déi zweet Loft a konnte verdéngt ee Punkt mat heem huelen. Déifferdeng huet et verpasst, de Sak an der Schlussphas zouzemaachen.
Den HC Bierchem huet seng Aufgab am Kampf ëm de Championstitel beim HB Käerjeng bravouréis geléist. D’Réiserbänner gounge mat 42:28 als Gewënner vum Terrain.
Scho virun der Paus war kloer, wien de Match gewanne géif. Bierchem konnt séier fir kloer Verhältnisser suergen a Käerjeng konstant op Distanz halen. D’Féierung vun 9:4 no 11 Minutte gouf op 18:9 an der 21. Minutt ausgebaut. De Raphael Guden war nees gutt opgeluecht. Den Nationalspiller huet an der éischter Hallschent 8 Goler zum 22:14-Pausestand bäigedroen. Och an der zweeter Hallschent huet den amtéierende Champion den Toun uginn a konnt sech an der 38. Minutt eng éischt Kéier op 10 Goler ofsetzen. De Virsprong sollt bis zum Schluss op 14 Goler uwuessen.
Schonn en Dënschdegowend hat den HB Diddeleng kuerze Prozess mam HC Standard gemaach. D’Ekipp vum Trainer Martin Hummel huet an der Bouneweger Sportshal 35:24 gewonnen. Domat bleift den Titelkampf spannend, well just ee Punkt tëscht den dräi éischten Ekippe läit.
D’Lokalekipp konnt zu kengem Moment d’Féierung iwwerhuelen an ass no 11 Minutte schonn engem 3:8-Réckstand hannendru gelaf. Bis an d’Paus sollt d’Diddelenger Avance op 10 Goler uwuessen (19:9). De Standard konnt an der zweeter Hallschent wuel méi Goler schéisse wéi am éischten Duerchgang, dat ass awer net duergaangen, fir dem HBD nach eng Kéier geféierlech ze ginn. Den Diddelenger Josip Ilic war mat 10 Goler beschte Buteur, fir de Standard huet den Alen Zekan 8 Mol getraff.