Rugby
Lëtzebuerg steigt no Defaite géint Polen an d'Rugby Europe Conference of
Lëtzebuerg verléiert de leschte Match an der Rugby Europe Trophy géint Polen
Duerch d'10:33-Néierlag an der véierter Defaite a fënnef Matcher steigt Lëtzebuerg an Europe Conference of.
Am leschte Match vun der Rugby Europe Trophy verléieren d'Rout Léiwe am Stade de Luxembourg mat 10:33 géint Polen.
D'Lëtzebuerger Ekipp hat eng staark éischt Hallschent a war duerch Tries vum Christian Olsen a Gael Pujadas fréi a Féierung gaangen. An der Hallschent stoung et 10:6 fir d'Lëtzebuerger.
No der Paus sinn d'Polen mat enger méi héijer Intensitéit erauskomm a konnten dräi Mol iwwert d'Linn. D'Lëtzebuerger Ekipp hat keng Äntwert dorop a verléiert zum Schluss däitlech mat 10:33.
No fënnef Matcher a véier Defaiten ass Lëtzebuerg op der leschter Plaz a muss domadder nächst Saison an d'Rugby Europe Conference erof.

© Charlie Stone
Am meeschte gelies