Diddeleng an Hueschtert-Folscht gewannen d'Coupe
Diddeleng huet sech beim 4:2 géint Rued méi schwéier gedoe wéi erwaart. Hueschtert-Folscht huet mam selwechte Resultat géint Recken gewonnen.
No den Halleffinallen e Samschdeg goufen e Sonndeg am Gymnase vun der Coque d’Finalle vun der Coupe bei den Dammen an den Häre gespillt. D’Gewënner aus dem leschte Joer haten et och dëst Joer an d’Finall gepackt.
D’Damme vu Rued hunn d’lescht Joer d’Coupe bei den Damme gewonnen. Allerdéngs ware si do mam Tessy Gonderinger an dem Dani Konsbruck nach e gutt Stéck méi staark opgestallt, wéi dat haut de Fall war. Deemno huet een de Mëtteg géint Diddeleng missen hoffen, dass d’Annick Stammet hir Matcher wënnt an der Nathalie Krecké oder der Laura Burcheri eng gréisser Iwwerraschungsvictoire geléngt.
An d’Damme vu Rued waren no un enger fauschtdécker Iwwerraschung drun. No den éischte véier Simplë stoung et nämlech 2:2, dat no enger Victoire vun der Annick Stammet géint d’Melisa Sadikovic an enger méi wéi onerwaarter Victoire vun der Nathalie Krecké géint d’Jil Reimen.

© Yannick Zuidberg
Deemno war et e gutt Stéck méi spannend, wéi et eigentlech hätt misse sinn. An den zwee leschten decisive Simplen hunn d’Damme vun Diddeleng dunn awer d’Nerve behalen. Esouwuel d’Melisa Sadikovic wéi och d’Jil Reimen sinn hirer Favoritteroll gerecht ginn a konnten domat Diddeleng den Titel an der Coupe an och den Doublé sécheren.
Um 16 Auer ass dunn d’Finall vun den Hären ugaangen, wou ee sech am Viraus tëscht dem Titelverdeedeger Hueschtert-Folscht a Recken méi Spannung erwaart huet.
Béid Ekippe kenne sech praktesch auswenneg, eréischt rezent hu si an der Halleffinall vum Championnat géintenee gespillt. A genee esou héichklasseg wéi do war et och haut.
De Matas Skucas huet Recken a Féierung bruecht. Géint de Maël van Dessel huet de Spiller aus Litauen 3 :1 gewonnen.
Um Dësch niewendru war et nach en Tick méi spannend. An der Partie tëscht dem Thomas Keinath an dem Gleb Shamruk ass et bis an de 5. Saz gaangen an do konnt de Reckener Spiller eemol méi seng ganz Erfarung notzen, fir Recken mat 2:0 a Féierung ze bréngen.
En ideale Start fir déi Reckener, ma bis zum Titel war et nach e wäite Wee. An der Suite huet de Zoltan Feje-Konnerth nämlech mat 3:1 géint den Gene Wantz gewonnen a konnt esou op 1:2 verkierzen.
Och déi Kéier war et den zweete Match, dee méi Spannung mat sech bruecht huet. Am Duell vun den Nummer Eente vu béide Veräiner stounge sech de Maël van Dessel an den Thomas Keinath géigeniwwer. De Van Dessel louch schonns mat 2:0 an de Sätz vir, éier de Keinath sech zeréckgekämpft an en decisive Saz erzwongen huet. An deem decisive Saz huet déi Kéier de Van Dessel de Match gedréint a konnt fir Hueschtert ausgläichen. Et stoung virun de leschten zwee Simplen elo also 2:2.
Hueschtert-Folscht hat elo déi besser Kaarten, well de Gelb Shamruk war kloer favoriséiert géint den Gene Wantz an och de Zoltan Fejer-Konnerth war géint de Matas Sucas an der Favoritteroll. An där si béid Hueschterter gerecht ginn, esou dass Hueschtert-Folscht den Titel erfollegräich verdeedegt a wieder vum Doublé dreeme kann.