Bleift d'Dammennationalekipp Tabelleleader am Grupp C3?
D'Rout Léiwinne spillen en Dënschdeg hire 4. Match am Grupp 3 vun der League C géint Liechtenstein.
Viru 4 Deeg hat d'Ekipp vum Dan Santos mat 3:1 zu Jerewan géint Armenien gewonnen an ass mat 7 Punkten aktuell Tabelleleader vum Grupp. Liechtenstein huet bis elo nach kee Punkt an den éischte Match géint Lëtzebuerg de 25. Februar um Escher Gaalgebierg mat 0:7 verluer.
D'Lëtzebuerger Damme ginn als grouss Favoritten um 17.30 Auer an d'Partie am Sportpark Eschen-Mauren. Den Dan Santos muss dobäi op d'Charlotte Schmit (SC Freiburg) verzichten, kann dofir awer erëm op d'Edina Kocan (Racing) zeréckgräifen. Den Tabellenéischte vum Grupp C3 steigt direkt an d'League 2 vun der Nations League op. Déi Punktebeschten zweetplacéiert spillen am Playoff ëm déi lescht Plazen.
U19-Dammen konnten en Dënschdeg am Virmëtteg schonn eng kloer Victoire géint Liechtenstein feieren
Dat am Kader vum zweeten Tour vun der EM-Qualifikatioun. D'U19 huet sech um Enn mat 10:0 duerchgesat a läit am Grupp B1 elo op der 2. Plaz.

© FLF