Rout Léiwinne gewanne géint Liechtenstein a festegen déi 1. Plaz am Grupp
En Dënschdeg ass et fir d'Rout Léiwinnen um 4. Spilldag an der Nations League géint Liechtenstein gaangen. Op dësem konnten dës eng 3:2-Victoire feieren.
Nodeems d'Rout Léiwinnen e Freideg no enger zolitter Leeschtung eng verdéngten 3:1-Victoire an Armenien feiere konnten, wollte si en Dënschdeg a Liechtenstein do weidermaachen, wou si an Armenien opgehalen hunn. Dëst ass de Lëtzebuerger Dammen och wuel gelongen. Si kënne sech no 90 Minutten a Liechtenstein mat 3:2 duerchsetzen. Domadder stinn d'Rout Léiwinnen no 4 Matcher mat 10 Punkten op der éischter Plaz an der Liga C, soudatt d'Chancë gutt stinn, fir datt si an d'Liga B opsteige kënnen.
Liechtenstein - Lëtzebuerg 2:3
0:1 Thompson (11'), 0:2 Thompson (14'), 1:2 Risch (31'), 2:2 Kindle (61'), 2:3 Jorge (77')
D'Spectateure krute Lëtzebuerger Dammen ze gesinn, déi hir Géignerinne fréi ënner Drock gesat hunn an en direkten Zoch a Richtung Gol un den Dag geluecht hunn. Esou ass et hinnen och gelongen, fir sech eng sëllege Golchancen erauszespillen. An der 11. Minutt sollt esou eng Chance dann och zu engem Gol féieren. D'Jorge setzt sech op der rietser Säit gutt duerch a schléit e Ball an d'Mëtt eran, deen am Ufank nach ofgeblockt ka ginn, mä den zweete Ball kann net méi geblockt ginn a lant du beim Thompson. D'Lëtzebuergerin hëlt de Ball kuerz un a kann dësen doropshin ouni Probleemer zum 1:0 fir Lëtzebuerg am Gol ënnerbréngen. An der 14. Minutt sollt Thompson de Score op 2:0 stellen. Dëst op en Neits no enger Viraarbecht vum Jorge, wat déi Lëtzebuerger Stiermerin mat enger schéiner Pass an d'Lach geschéckt hat. No dësem Gol huet Lëtzebuerg d'Spill déi meeschten Zäit kontrolléiert an de Match domadder geréiert. Just zwee Mol sollt et op Säite vu Liechtenstein geféierlech ginn: Eng éischte Kéier nodeems d'Göppel an der 23. Minutt eleng a Richtung Gol marschéiert ass. Mä d'Liechtensteinerin konnt am leschte Moment ofgefaange ginn, soudatt hire Schossversuch an de Corner gekläert konnt ginn. Eng zweete Kéier ass et geféierlech ginn nodeems d'Kremer de Ball op der Héicht vun der Mëtt onnéideg un d'Risch verluer huet, wat gesinn huet, datt d'Jung am Lëtzebuerger Gol net tëscht de Pottoe stoe géing a sech doropshin en Häerz gefaasst an aus 30 Meter ofgezunn huet. Jidderee war iwwerrascht vun dësem Schoss vum Risch an d'Freed vun de Liechtensteiner am Stadion war grouss, wou dëse schéine Schoss och du säi Wee an de Gol fonnt a Liechtenstein op 1:2 verkierzt huet. Mat dësem Score si béid Formatiounen dann op den Téi geschéckt ginn.
Nom Téi hunn d'Lëtzebuergerinne weider de Wee no vir gesicht an e puer Schëss a Richtung géigneresche Gol lassgelooss, e Gol sollt dobäi awer net eraussprangen. Dëse sollt op der anerer Säit fir d'Heemekipp falen. Um Enn vun enger schéiner Liechtensteiner Kombinatioun flankt d'Eiler-Kühne de Ball an d'Mëtt eran, wou d'Kremer de Ball net gutt genuch kläre kann, soudatt d'Kindle d'Méiglechkeet kritt, fir de Ball mam Kapp am Gol ënnerzebréngen. D'Jung kënnt wuel nach aus hirem Gol eraus a probéiert fir d'Situatioun ze entschäerfen, mä och de Lëtzebuerger Golkipp kann de Géigegol net méi verhënneren. Aus dem Näischt stoung et deemno 2:2. Eng Lëtzebuerger Reaktioun ass net laang ausbliwwen: An der 70. Minutt hat d'Jorge vill Plaz an huet aus der Distanz ofgezunn. De sate Schoss konnt awer vum Liechtensteiner Golkipp deviéiert ginn, soudatt en op der Lat gelant ass. An der 77. Minutt sollten d'Lëtzebuergerinnen dunn nees a Féierung goen. D'Lourenço Magalhaes hat op der rietser Säit eng Flank op den zweete Potto geschloen, wou d'Jorge gelauert huet. D'Lëtzebuergerin huet de Ball kuerz ugeholl an dësen doropshin ouni Kompromësser an de Gol geschoss.
Et stoung deemno 3:2 fir d'Rout Léiwinnen an un dësem Score sollt sech am weidere Verlaf vum Match och näischt méi änneren, soudatt d'Lëtzebuergerinnen hir éischt Plaz am Grupp festege kënnen.