FC Déifferdeng 03 ka 7 Spilldeeg viru Schluss nees Champion ginn

© Val Wagner (Archiv)
Dat huet de Kevin D'Anzico a seng Matspiller dës Woch op alle Fall scho beschäftegt, wéi en am RTL-Interview zouginn huet.
Kann den FC Déifferdeng 03 säi Championstitel an der ieweschter Divisioun am Lëtzebuerger Futtball um 24. Spilldag, 7 Spilldeeg viru Schluss, scho verdeedegen?
Et ass jiddefalls méiglech, wann de Champion sortant e Samschdeg zu Beetebuerg wënnt an den Tabellenzweeten F91 Diddeleng e Sonndeg doheem géint Munneref géif verléieren.
De Kevin D'Anzico muss zouginn, datt dat hien a seng Matspiller an der Woch scho beschäftegt huet
"Firwat? Bon, well de Weekend deen Dag ka sinn, wou mer dofir belount ginn, fir dat wat mer elo schonn déi ganz Saison geleescht hunn, a sinn eis Gedanke elo voll op dee Moment, wou mer endlech offiziell Champion sinn. Ech mengen dat war elo no der Jeunesse bei eis alleguerte kloer. An deementspriechend läit dee Fokus och op dee Match. Ech muss awer soen, do wier et net anescht wéi déi Matcher virdrun. Also mir hunn dës Woch genau sou geschafft, wéi all déi Woche virdrun. Mir hunn dëse Match genau preparéiert wéi déi Matcher, déi mer bis elo gespillt. An de Fokus läit awer wierklech guer net op Diddeleng."
Virum 24. Spilldag huet Déifferdeng un der Tabellespëtzt 64 Punkten, 17 virum F91.
Den FCD03 huet bis elo dës Saison am Championnat 21 Matcher gewonnen, ee gläichgespillt an ee verluer. D'Partie Déifferdeng-Beetebuerg ass e Samschdeg de Mëtteg um 17 Auer. De Match Diddeleng géint Munneref gëtt e Sonndeg um 16 Auer ugepaff. Wéi gewinnt kënnt Dir all d'Matcher am Liveticker op RTL.lu suivéieren.