Bis ewell ginn et zu Lëtzebuerg nach keng Kompetitiounen am akrobateschen Turnen. Dat soll sech änneren.

Wann een e Bléck an Trainingshal werft, dann ass een impressionéiert. D'Sich no engem routwäissbloe Maillot bleift awer aus. Dofir ass d'Gymnastik-Federatioun awer Europameeschter am Organiséieren.
 
Eng formidabel Infrastruktur an eng familiär Atmosphär si weider Argumenter vun der drëttgréisster lëtzebuergescher Sportfederatioun, fir esou e Mammut-Event z'organiséieren. An der Akrobatescher Gymnastik fënnt een Elementer aus dem Danz, der Akrobatik an der Gymnastik. Woubäi och d'Musek keng onwesentlech Roll spillt.

England, Portugal, Belsch sinn un der Spëtzt vun den europäeschen Natiounen. Net ze vergiessen och d'Ukrain. Gold a Sëlwer gouf et op der Weltmeeschterschaft. D'Team huet de Weltcup gewonnen an dat trotz schwiereger Situatioun matten am Krich.
 
Dës Sportaart ass extrem spektakulär, ma et si vill sportlech a mental Qualitéiten verlaangt. D'Entwécklung vum akrobateschen Turnen an Europa weist kloer no uewen.
 
D'Europameeschterschaft an der Coque dauert nach bis de Sonndeg.

Weider Andréck vun der EM