"Sinn immens dankbar, datt de Gilles Muller den Telefon an de Grapp geholl huet"

© Franky Hippert
Des Woch ass de Gilles Kremer Invité am Podcast Drëtt Hallschent.
Den 43 Joer ale fréieren Tennisprofi ass als Spiller a riets Hand vum Gilles Muller e wichtegen Deel vun der Lëtzebuerger Davis Cup-Equipe.
De Gilles Kremer war Sparringpartner vun de beschten Tennisspillerinnen a Spiller op der Welt.
Duerch d'Anne Kremer, déi et an der Weltranglëscht bis op d'Plaz 18 gepackt hat, an de Gilles Kremer eng Zäit als Trainer mat senger Schwëster op der Profi-Tour ënnerwee war, gouf hien och eng Zäitchen als Sparringpartner vu richteg gudde Spillerinnen a Spiller engagéiert. Sou war de Gilles Kremer zum Beispill Trainingspartner vum Maria Sharapova, dem Aranxta Sanchez Vicario, dem Conchita Martinez, oder och nach dem John Isner. Impressionnant beim Amerikaner war säin Service, an d'Erliefnis, mat der fréier Nummer 8 am ATP-Ranking am Louis Amstrong op der Anlag vun den US Open trainéiert ze hunn.
Och am Alter kann ee sech nach ëmmer weider verbesseren.
D'Liewen ass ni e Stréch no uewen, seet de Gilles Kremer. An de leschte Wochen hate sech kleng technesch Feeler bei sengem Tennis agebaut. U sech war d'Zil, fir sech ze verbesseren. Lo huet de Brudder vum Anne Kremer awer erausfonnt, firwat säi Spill an der Lescht net méi grad esou gutt war. Op der Réckhand haten e puer Millimeter bei enger neier Prise dofir gesuergt, datt de Gilles Kremer net méi sou vill Drock an de Ball krut.
Ech hunn an der Ëffentlechkeet nach ni driwwer geschwat.
Am September 2020 hat d'Anne Kremer e schwéiert Motorradsaccident. Hiert Liewen houng laang un engem dënne Fuedem. De Gilles Kremer huet dat Ganzt deemools vu ganz no materlieft. Bis elo huet hien nach ni an der Ëffentlechkeet doriwwer geschwat. D'Anne Kremer selwer hat dee Schratt awer scho gemaach, soss hätt de Brudder elo bei eis am Podcast näischt driwwer gesot. Et war eng Erfarung vun enger Intensitéit, déi schwéier virstellbar ass, seet de Gilles Kremer, et ass ee Moment, eng Sekonn, déi alles verännert.