Déifferdeng, Diddeleng, Racing a Wolz stinn an den 1/2-Finallen
Diddeleng setzt sech mat 4:2 géint Stroossen duerch a Wolz dréint de Match géint Nidderkuer a wënnt duerch een decisive Gol an der Nospillzäit mat 3:2.
An der Coupe de Luxembourg goufen e Mëttwoch den Owend all d'Partië vun der 1/4-Finall gespillt.
Diddeleng huet d'UNA Stroossen mat enger 4:2-Victoire eliminéiert. No 17 Minutte war den F91 duerch ee Selbstgol a Féierung gaangen, nodeems de Bernardelli de Ball no enger flaacher Flank vum Hadji onglécklech an den eegene Gol deviéiert huet. Mat der Féierung am Réck huet d'Lokalekipp vun Diddeleng de Match dominéiert, ma trotzdeem sollt et de Gäscht nach virun der Paus geléngen, de Score am Numm vum Perez ze egaliséieren. Duerch ee Sonndesschoss vum Fernandes an een Eelefmeter vum Hadji konnt den F91 d'Féierung dann awer no der Paus nees hierstellen. Obwuel Stroossen sech net opginn huet an nach op 2:3 duerch den Agovic verkierze konnt, sollt um Enn Diddeleng d'Iwwerhand behalen an no engem véierte Gol duerch de Benkhedim den Ticket fir d'1/2-Finall léisen.
Fir den FC Minerva Lëntgen ass déi laang Rees an der Coupe de Luxembourg duerch eng 0:4-Defaite géint de Stater Racing eriwwer. D'Ekipp, déi de leschte Weekend de fréizäitegen Opstig an déi 1. Divisioun kloer maache konnt, huet sech e Mëttwoch vun Ufank un op eng gutt Defensiv-Aarbecht konzentréiert. Dat ass an den éischte Minutte vum Match och gutt gelongen, ma spéitstens no 20 Minutten ass den Drock vum Racing dann awer méi grouss ginn. Kuerz virun der Paus war et dann den N'Goma, deen no enger Flank präzis mam Kapp op 1:0 fir de Favorit stelle konnt. Am zweeten Duerchgang huet de Gaascht da weider opgedréint a ka sech duerch um Enn duerch weider Goler vum Mazié (2) a Mabella fir déi nächst Ronn qualifizéieren.
De frësche Champion Déifferdeng huet duerch eng 0:2-Victoire géint Péiteng weider Chancen op den Doublé. Zu Péiteng hat de Gaascht vun Ufank un d'Rudder am Grapp an hat deementspriechend och déi eng oder aner gutt Chance op d'Féierung. Trotz de Goler, déi gefeelt hunn, war et eng interessant éischt Hallschent, an där sech och déi Péitenger vun enger gudder Säit gewisen hunn. Zwou Minutten no der Paus huet de Silva da säi Gléck mat engem Distanzschoss probéiert an op 1:0 fir Déifferdeng gestallt. D'Gäscht hunn och nom Féierungsgol weider Drock gemaach a konnten duerch een zweete Gol duerch den Abreu an der 85. Minutten den Deckel drop maachen.
An der leschter Partie vum Owend gouf et dann nach eng kleng Iwwerraschung. Duerch ee Gol an der Nospillzäit huet sech Wolz mat 3:2 géint Nidderkuer duerchgesat. No enger ausgeglachener Ufanksphas war de Gaascht a Féierung gaangen, ma d'Wëlzer hunn de Kapp net hänke gelooss a konnten nach virun der Paus ausgläichen. Gutt zéng Minutte viru Schluss ass Nidderkuer dann op en neits a Féierung gaangen, ma nees sollt eng Reaktioun vun der Lokalekipp net all ze laang op sech waarde loossen. Duerch d'Goler vum Saidi a Gorny dréint Wolz de Match nach spéit a steet domadder an der 1/2-Finall vun der Coupe de Luxembourg.