Lëtzebuerger Tennis Federatioun
Claudine Schaul nei Kapitänin vum Billie Jean King Cup

© FLT
D'Claudine Schaul ass nei Billie Jean King Cup Kapitänin. Déi fréier Nummer 41 op der Welt iwwerhëlt d'Funktioun vun der Anne Kremer.
Dat huet déi Lëtzebuerger Tennisfederatioun e Freideg offiziell matgedeelt.
D'Lëtzebuergerinne spillen hir nächst Matcher vum 16. bis den 21. Juni am Europa Grupp III auswäerts géint Moldawien. Nieft Lëtzebuerg trieden hei Albanien, Andorra, Armenien, Aserbaidschan, Finnland, Irland, Island, Malta, Moldawien, Montenegro a San Marino un.
Am Pre-Selektiounskader vu Lëtzebuerg sti follgend Spillerinnen: Marie Weckerle, Leila Fabbri, Eléonora Molinaro, Laura Palumbo, Lucie Rabiot, Else Vander Stichele an Onalee Wagner.
Am meeschte gelies