Beim WTT Feeder zu Manchester huet d'Sarah De Nutte d'Finall nëmme knapp verpasst, konnt sech awer nach mat hirer Dubbel-Partnerin mat Bronze belounen.

E Samschdeg huet d'Sarah De Nutte beim WTT Feeder zu Manchester zesumme mat hirer Dubbelpartnerin Rachel Moret aus der Schwäiz d'Bronzemedail gewonnen.

No der klorer 3:0-Victorie fir den Optakt géint d'Duo Arguelles an Chung, gouf et och an der 1/4-Finall en 3:2-Succès géint béid Spuenierinnen Riera a Rad. An der 1/2-Finall hu sech d'Sarah De Nutte an d'Rachel Moret da knapp misse mat 2:3 géint dat indescht Favoritten-Duo Roy a Wani geschloe ginn, éier et am Match ëm déi drëtt Plaz dann awer nach Bronze gouf.