Drëtt Hallschent, de Sport-Talk mam André Hoffmann
Ënnert den 2 leschte sozialistesche Ministeren, war d'Liewen net ëmmer einfach

© Rich Simon
Wärend 13 Joer, war den André Hoffmann President vum COSL. An der "Drëtter Hallschent", kuckt hie mam Rich Simon zeréck op déi Joren.
Mat 2 sozialistesche Sport-Ministeren, war d‘Liewen net ëmmer einfach
D‘Olympesch Spiller zu Paräis ware fir hien een immensen Highlight um Enn vu senger Presidence. Den Ex-President hofft, datt d'Olympesch Spiller zu Los Angeles am Joer 2028 wéinst dem Donald Trump, net ze politesch ginn. Vun de 4 Sport-Ministeren, mat deenen den André Hoffmann a senger Zäit un der Spëtzt vum privat organiséierte Sport zu Lëtzebuerg ze dinn hat, kommen zwee sozialistesch Ministeren net all zegutt ewech. Säi grousse Regret ass, datt et och ënnert senger Presidence, keng Olympiamedail fir Lëtzebuerg gouf.
Am meeschte gelies