Manchester United an Tottenham kommen an d'Finall

© Oli Scarff / AFP
En Donneschdeg den Owend sollt am Kader vun der Europa League d'Entscheedung falen, wéi eng zwou Ekippen an der Finall géinteneen untrieden dierfen.
Zënter en Donneschdeg steet fest, wéi eng zwou Ekippen den 21. Mee am Kader vun der Europa-League-Finall zu Bilbao openeen treffe wäerten. Op deem Dag wäerte sech Manchester United an d'Tottenham Hotspurs géigeniwwer stoen. Deemno kënnt et an der Europa League zu enger reng englescher Finall.
Nodeems béid Ekippen am Allersmatch schonn eng Victoire feiere konnten, hu si et sech net huele gelooss, fir och de Retourmatch fir sech ze entscheeden. Manchester United an Tottenham Hotspurs kënnen deemno hir Géigner Bilbao mat 4:1 a Bodö/Glimt mat 2:0 eliminéieren an zéien allebéid um Enn kloer a verdéngt an d'Finall vun der Europa League an.
Bodö/Glimt - Tottenham 0:2
0:1 Solanke (63'), 0:2 Pedro Porro (69')
Am norwegesche Bodö kruten d'Spectateuren eng monter Heemekipp ze gesinn, déi méi aktiv ewéi d'Gäscht vun der Insel war a sech esou e puer Golchancen erausspille konnt. Allerdéngs huet déi lescht Entschlossenheet gefeelt, soudatt d'Norweger ni richteg zwéngend virum Gol opdauchen an esou de Ball net am Gol ënnerbrénge konnten. D'Spurs dogéint hu sech iwwert wäit Strecke vun der éischter Hallschent déif zréckfale gelooss an hunn der Heemekipp de Ballbesëtz iwwerlooss. Dobäi hu se seelen eppes ubrenne gelooss an hunn déi meescht Ugrëff souverän ewech verdeedegt, soudatt an der Paus alles dono ausgesinn huet, wéi wann d'Spurs vun Tottenham an d'Finall anzéie géifen.
Nom Téi huet Bodö/Glimt weider den Drock erhéicht an huet d'Englänner an hirer eegener Hallschent festgehalen. Allerdéngs huet et den Norweger entweder un der néideger Reussite gefeelt oder et stoung en Defenseur vun Tottenham am Wee, deen iergendwéi e Fouss oder e Been tëscht de Ball krut an domadder d'Chance entschäerfe konnt. A wéi esou dacks am Futtball: Wann ee seng eege Chancen net verwäert, da geet déi aner Ekipp mam éischte Schoss a Richtung Gol a Féierung. An der 63. Minutt konnt de Solanke fir d'Gäscht, déi eigentlech fir déi éischte Kéier esou richteg geféierlech virum géigneresche Gol opdauche konnten, markéieren an domadder seng Faarwen a Richtung Finall schéissen. An der 69. Minutt sollt dunn den 2:0 fir d'Gäscht falen. Et war de Pedro Porro, deen e Schlussstréch ënnert d'Hoffnunge vun den Norweger gesat huet, fir nach kënnen an d'Finall anzezéien. Vun dësem Schock huet sech Bodö/Glimt net méi erholl, soudatt si sech um Enn no 90 Minutte mat 0:2 géint Tottenham musse geschloe ginn.
Manchester United - Athletic Bilbao 4:1
0:1 Jauregizar (31'), 1:1 Mount (72'), 2:1 Casemiro (79'), 3:1 Höjlund (85'), 4:1 Mount (90'+1)
D'Spectateure kruten zu Manchester eng relativ onspektakulär éischt Hallschent ze gesinn, an där net vill virun de jeeweilege Goler geschitt ass. Béid Ekippen hu sech schwéier gedoen, fir sech geféierlech Golchancen ze kreéieren. Virun allem d'Red Devils, déi opgrond vun der 3:0-Victoire am Allersmatch zwar eng gutt Ausgangspositioun haten, hunn an den éischte 45 Minutte vill ze wënschen iwwreg gelooss. Bei de United Spiller hu sech vill technesch Feeler an Opmierksamkeetsfeeler am Spillopbau ageschlach. Esou konnten d'Spiller vu Bilbao och no enger gudder hallwer Stonn vun engem vun dëse Feeler profitéieren. No Ballverloscht vum Maguire war et de Jauregizar, deen un de Ball komm ass, dëse mat engem schéine placéierte Schoss an de Gol gezierkelt an de Score domadder op 1:0 gestallt huet. Mat dësem Score sollt et dunn och op den Téi goen.
D'Spuenier si besser aus de Kabinne komm a konnten an der Ufanksphas vun der zweeter Hallschent déi eng oder aner Kéier virum Onana am Manschester Gol opdauchen. E Gol sollt dobäi awer net eraussprangen. Dëse sollt dunn an der 72. Minutt op der anerer Säit falen. Et war de Mount, dee fir seng Faarwen, nodeems e vum Yoro schéin an Zeen gesat gouf, treffen an domadder de Score egaliséiere konnt. Kuerz drop ass et de Red Devils souguer gelongen, fir de Match ze dréien: De Casemiro konnt nämlech eng Fräistoussflank vum Bruno Fernandes mam Kapp verwandelen a seng Ekipp mat 2:1 a Féierung bréngen. An der Schlussphas sollt dem Höjlund nach den 3:1 geléngen an an der Nospillzäit goufen d'Spuenier dunn nach mam 4:1 vum Mount vëlleg ofgestrooft. Un dësem Score sollt sech dunn awer näischt méi änneren, soudatt Manchester United um Enn mat 4:1 géint Bilbao gewanne kann.