En Donneschdegowend gouf decidéiert, wéi eng Formatiounen den 28. Mee zu Breslau a Polen an der Finall vun der Conference League openeentreffe wäerten.

Zënter en Donneschdegowend ass kloer, wéi eng Formatiounen et an d'Finall vun der Conference League gepackt hunn. Als éischt Ekipp konnt den FC Chelsea den Ticket léisen. D'Londoner kënne sech doheem am Réckmatch mat 1:0 géint Djurgardens IF behaapten an domadder an d'Finall anzéien. Am zweete Match sollt d'Decisioun ëm den zweeten Ticket fir d'Finall réischt an der Verlängerung falen. An dëser hat Betis Sevilla de längeren Otem. Zwar trenne sech Florenz a Betis Sevilla no Verlängerung mat 2:2, mä opgrond vun der Victoire am Allersmatch zéien d'Spuenier an d'Finall an.

Resumé FC Chelsea - Djurgardens IF

D'Chancë fir an d'Finall anzezéie stounge fir den FC Chelsea nom Allersmatch relativ gutt. Dëse konnten déi Londoner nämlech mat 4:1 géint de schwedesche Vertrieder Djurgardens IF fir sech entscheeden. Mä am Réckmatch hunn déi Londoner och net labber gelooss an hu virum heemesche Public eng souverän, wann och onspektakulär Leeschtung gewisen. Virum Téi waren d'Gäscht mat 1:0 a Féierung gaangen an an der zweeter Hallschent sollt sech un dësem Score och näischt méi änneren, soudatt den FC Chelsea, um Enn mat 1:0 géint Djurgardens IF gewënnt a sech no zwee Matcher verdéngt duerchsetzen a sech fir d'Finall vun der Conference League qualifizéiere kann.

Resumé AC Florenz - Betis Sevilla

An der zweeter Halleffinall war vun Ufank un nach méi Spannung dran. Esou konnt Betis Sevilla den Allersmatch just knapps mat 2:1 géint den AC Florenz fir sech entscheeden. Deemno war fir béid Ekippen nach alles méiglech. Et waren awer d'Gäscht aus Spuenien, déi besser an de Match gestart sinn an de Score op 1:0 setze konnten. Dës Féierung konnte si awer net bis an d'Paus halen. De Gosens op Säite vu Florenz hat nämlech eppes dogéint a konnt virun der Paus nach zwee Goler markéieren an de Match domadder dréien. Déi zweet Hallschent konnt dunn awer net méi mat der éischter Hallschent mathalen. Béid Ekippen hu sech hei iwwert wäit Strecke vum Match neutraliséiert, soudatt et keng Goler méi gouf an de Match, opgrond vun der Victoire am Allersmatch vum Betis Sevilla, an d'Verlängerung gaangen ass. An dëser konnt den Abde op Säit vum Betis an der 97. Minutt egaliséieren. Florenz hat op dëse Géigegol keng richteg Äntwert méi, soudatt de Match no Verlängerung mat engem 2:2 op en Enn geet an d'Spuenier, opgrond vum Allersmatch, an d'Finall anzéien.