Titel fir Bob Bertemes a Linda Krombach
E Freideg de Moie war zu Munneref de Championnat iwwer 5 Kilometer an der Liichtathletik.
Wann et hei zu Lëtzebuerg e Präis fir déi beschte Stëmmung op enger Lafcourse géif ginn, da wier de Mondorf Run definitiv am enke Favorittekrees. Hei ass no der Course, wärenddeem awer virun allem virdrunner richteg eng lass. Ma d’Waarmmaache viru sou enger Course ass den A an O a sou och zu Munneref. An hei ass fir grouss a kleng eppes mat dobäi.
Dass de Laf am Domaine Thermal ëmmer méi beléift gëtt weist och d’Zuel u Participanten. Mat knapps ënnert 1.000 Leefer a Leeferinnen, déi iwwert de Kids Run, déi 5 an 10 Km op den Depart gaange sinn, konnt een d’Zuel vu leschtem Joer souguer iwwerbidden.
Ganz motivéiert mat dobäi waren déi Jéngsten um Freideg de Moien. Fir si ass et op engem Kilometer eng Kéier duerch de Park gaangen an hei gouf bis op de leschte Meter alles ginn. Als Belounung gouf et fir jiddereen eng kleng Medaile.
Um 11 Auer war dunn den Depart fir de Championnat iwwert déi 5 Kilometer. Hei war et ee vun de grousse Favoritten, de Bob Bertemes, dee sech no senger Verletzung an enger Zäit vu 15 Minutten an 31 Sekonne konnt duerchsetzen, dat virum Tom Heyart an dem Poli Stoffel.
Bei den Dame konnt sech déi 18 Joer Jonk Nowuesstalent Linda Krombach an enger Zäit vu 17 Minutten an 9 Sekonnen den Titel sécheren, dat virum Eva Daniëls an dem Zsanett Moczo.
Resultater
Hären
Bertemes Bob, CELTIC, 00:15:31
Heyart Tom, CAEG, 00:15:36
Stoffel Poli, CAD, 00:15:39
Damen
Krombach Linda, CSL, 00:17:09
Daniëls Eva, CAE Grevenmacher, 00:18:01
Moczo Zsantt, CELTIC, 00:18:23