D'Lëtzebuerger Anti-Doping-Agence ALAD weist sech entsat, dass am Mee 2026 zu Las Vegas déi éischt sougenannten "Enhanced Games" organiséiert ginn.

Eng Sport-Maniff also am Stil vun den olympesche Spiller, wou keng Dopping-Tester gemaach, a Mëttelen déi d’Leeschtung kéinte steigeren domat och net verbuede sinn.

Esou en Event géif d’Integritéit vu propperem Sport menacéieren, a geet géint all Prinzippie vun engem propperen an ethesch-korrektem Sport, schreift d’ALAD.

D’Organisateure vun den Enhanced Games wëllen offiziell d’Wëssenschaft weiderbréngen an d’maximal Leeschtunge vum mënschleche Kierper testen.

E Prinzip, dee vun der ALAD op dat allerschäerfst condamnéiert gëtt.