
Genau ëm dës Zäit am Joer steet am internationalen American Football den Héichpunkt vun der Saison virun der Dier. Vum 8. op den 9. Februar spillen d’New England Patriots am 60. Super Bowl zu Santa Clara an den USA géint Seattle Seahawks. Ma och am Grand-Duché gëtt den American Football ëmmer méi populär. Ee vu 4 Veräiner zu Lëtzebuerg sinn d’Diddeleng Steelers. 1993 gouf de Veräin an der Forge du Sud gegrënnt. Quasi vun der éischter Stonn mat dobäi ass de Patrick Klein, dee souwuel als Spiller an als Trainer déi Diddelenger Faarwen vertrueden huet. Zanter 2023 ass hien de President vum Veräin, deen de Patrick Klein wéi eng zweet Famill beschreift. Dofir och de Sproch vun der Ekipp: “1, 2, 3, Steelers. 4, 5, 6, Famill”.
An eisem Podcast “Drëtt Hallschent – De Sport-Talk” ass dës Woch de President vun den Diddeleng Steelers, de Patrick Klein, op Besuch.
D’New England Patriots kréien et e Sonndeg am 60. Super Bowl mat de Seattle Seahawks ze dinn. Et ass de Remake vun der “NFL-Finall” vun 2015. No e puer manner gudde Joren hunn et béid Veräiner nees an de Super Bowl gepackt. Impressionant ass sécherlech d’Entwécklung vun deene béiden Ekippen.
Op der enger Säit d’Patriots mat hirem Head Coach Mike Vrabel a mam Quarterback Drake Maye. De Vrabel huet et a senger éischter Saison als Trainer direkt an de Super Bowl gepackt, deen hie schonn als Spiller 3 Mol mat New England gewonnen huet. De Maye dogéint ka sech a senger réischt zweeter Saison an der National Football League (NFL) berechtegt Hoffnungen op den Titel vum MVP maachen.
Op der anerer Säit d’Seahawks mat hirem Head Coach Mike Macdonald an dem Quarterback Sam Darnold, deen no éischter manner gudde Joren an der NFL elo richteg den Duerchbroch gepackt huet. Den Darnold ass réischt virun dëser Saison bei d’Seahawks gewiesselt. De Patrick Klein ass zwar Supporter vun den Dallas Cowboys, mee hie géif awer de Seattle Seahawks den Titel gënnen.
Am Grand-Duché ginn et 4 Veräiner, déi den American Football an zwou verschidde Varianten spillen. Engersäits den “Tackle Football”, deen een aus der NFL an der Télé kennt. Donieft awer och de “Flag Football”, bei deem et kee kierperleche Kontakt gëtt. Beim Leschtgenannte sinn zwou “Flaggen” un engem Rimm befestegt. Soubal eng dovu lass gerappt gouf, gëllt een als “getackelt”. De “Flag Football” ass als Sportaart bei den Olympesche Summerspiller 2028 zu Los Angeles mat dobäi.
D’Diddeleng Steelers sinn zesumme mat de Mamer Warriors, de Lëtzebuerg Wolves an de Raptors vu Réiden an der Lëtzebuerger American Football Federatioun (AFFL) affiliéiert. Aktuell gëtt et nach kee Lëtzebuerger Championnat an och keng Tackle-Nationalekipp, dofir awer eng Flag-Football-Nationalekipp. Ganz rezent huet sech d’AFFL nei opgestallt a schafft drun, souwuel eng Tackle-Nationalekipp op d’Been ze stellen, wéi och nei Leit fir de Sport ze begeeschteren an den American Football zu Lëtzebuerg nach méi populär ze maachen. Eng Méiglechkeet wier dem Patrick Klein no d’Grënnung vun engem Veräin am Norde vum Land. Donieft awer och de Sport iwwer de Flag Football an de Schoulen der Jugend bekannt ze maachen.
D’Drëtt Hallschent mam Patrick Klein kënnt Dir wéi gewinnt um RTL Play lauschteren.