
Annerhallef Woch, nodeems Mercedes éischt Biller vum neie W17 verëffentlecht huet, stoung e Méindeg kuerz viru Mëtteg zu Silverstone déi offiziell Präsentatioun um Programm. D’Lackéierung ass mat enger sëlwereger Nues, e puer turquoisen Téin an engem fir de Rescht gréisstendeels schwaarzen Auto staark un där vum W16 vun zejoert orientéiert. Soss ass opgrond vum Changement vun de Reegele fir d’Saison 2026 awer quasi alles nei um Formel-1-Rennwon vun der Ecurie mam Stär. De W17 ass deemno ënner anerem méi liicht, méi kléng a méi hybrid wéi säi Virgänger.

Den Team-Chef a CEO Toto Wolff beschreift den neien DRS-Ersatz: “Dës strategesch, schach-änlech Komponent kënnt an d’Spill, wann d’Piloten decidéieren, fir et ze benotzen an doduerch méi Leeschtung fräizeschalten. Dat ass fantastesch, well et zumools der méi jonker Generatioun u Fans ee Videospill-änleche Charakter vermëttelt, ouni dass mer dobäi iergendeppes un eisem Sport ze verléieren.”
Nieft alle Changementer am Reegelwierk, un déi Mercedes den neie Formel-1-Rennwon huet missen upassen, ass och nei, dass de Frederik Vesti an d’Roll vum drëtte Fuerer opsteigt. De 24-järegen Dän ass zanter 2021 Deel vum Mercedes-Junior-Programm a war 2023 Vize-Champion an der Formel 2. Dat seet den Toto Wolff iwwer säin drëtte Fuerer: “De Fred huet sech deen Opstig verdéngt. Hien huet hannert de Kulisse vill geschafft a bei der Entwécklung vum Auto immens matgehollef. Falls den George oder de Kimi eng Kéier sollten ausfalen, sinn ech frou, dass mir een drëtte Fuerer hunn, deen ofliwwere kann. De Fred kennt den Auto warscheinlech am beschten.”
Den George Russell, deen d’lescht Joer zwou Coursë gewanne konnt, bléckt voller Euphorie op déi nei Saison: “Ech freeë mech immens op dat neit Kapitel. Fir eis als Pilote fillt et sech definitiv méi flott un, mat dëser neier Generatioun un Autoen ze fueren. Se si méi liicht, méi kleng a méi flénk an de Kéieren. Hoffentlech kënne mir sou besser Coursë produzéieren, déi fir d’Zuschauer méi flott si fir nozekucken.”
De Kimi Antonelli, deen a senger Rookie-Saison trotz komplizéierte Momenter insgesamt awer iwwerzeege konnt, weist sech schwéier beandrockt vu sengem neie Rennwon: “Déi nei Power-Unit gëtt engem ee richtege Kick. Wéi ech fir d’éischte Kéier komplett Vollgas ginn hunn, hunn ech zwar net gefaart, mee ech war einfach immens iwwerrascht vun der Leeschtung, déi fräigesat gëtt. Et fillt sech richteg séier un a mécht enorm Spaass.”

Nodeems den George Russell an de Kimi Antonelli am W17 bei den éischten Tester zu Barcelona déi mat Ofstand meeschte Ronnen absolvéiert hunn, huet d’Ecurie vu Brakley, wann et diverse Stëmmen am Paddock nogeet, e Gerücht méi wéi confirméiert: Mercedes ass déi Ecurie, déi et dës Saison ze klappe gëtt. Den Team-Chef an CEO Toto Wolff bremst dës Euphorie allerdéngs: “D’Tester zu Barcelona si schwéier ze interpretéieren, well mer nach keng Ronne vun der Konkurrenz mat wéineg am Tank gesinn hunn. Dobäi kënnt, dass vill Ecurie hir Problemer haten a mir doduerch bis elo kee richtegt Bild vun hirer potenzieller Leeschtung hunn.”