Nationale FuttballWien ass opgestigen, wien ass ofgestigen a wie muss an de Barrage?

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg war am nationale Futtball-Championnat an de verschiddenen Divisiounen de leschte Spilldag.
© Val Wagner (Archiv)

Domadder steet zanter e Sonndeg och an all Divisioun fest, wien den direkten Opstig gepackt huet, wien direkt erof muss a wien an de Barrage muss.

BGL Ligue

Champion: FC Déifferdeng 03
Barrage (Ofstig): Wolz (13) a Beetebuerg (14)
Ofstig: Fola (15) a Monnerech (16)

Éierepromotioun

Opstig: Mamer (1) a Käerjeng (2)
Barrage (Opstig): Biissen (3) a Kanech (4)
Barrage (Ofstig): Schëffleng (13) a Koeppchen (14)
Ofstig: Beggen (15) a Sandweiler (16)

1.Divisioun 1. Bezierk

Opstig: Luerenzweiler
Barrage (Opstig): Mäerzeg
Barrage (Ofstig): Ierpeldeng (13) an Habscht/Äischen (14)
Ofstig: Stengefort (15) a Veianen (16)

1.Divisioun 2. Bezierk

Opstig: Bieles
Barrage (Opstig): Menster
Barrage (Ofstig): Red Black Pafendall (13) an Éilereng (14)
Ofstig: Union Käl-Téiteng (15) a Bäerdref-Konsdref (16)

2.Divisioun 1. Bezierk

Opstig: Lëntgen (1) a Fiels (2)
Barrage (Opstig): Harel-Eeschpelt (3) a Wëntger (4)
Barrage (Ofstig): Reisduerf
Ofstig: Colmer-Bierg

2.Divisioun 2. Bezierk

Opstig: Koplescht (1) an CS Uewerkuer (2)
Barrage (Opstig): Bartreng (3) a Mäertert-Waasserbëlleg (4)
Barrage (Ofstig): Näerzeng
Ofstig: Luna Uewerkuer

3. Divisioun

Opstig: Buerschent, US Esch, Uespelt
Barrage (Opstig): Biekerech (4), Clierf (5)

D’Fusioun tëscht den zwee Stater Veräiner, dem FC Red Black Pafendall an der AS Lëtzebuerg (“nei” Club heescht AS Red Black Luxembourg) bréngt mat sech, datt an der Ofschlosstabell vun der 3. Divisioun den Tabellendrëtten och direkt an déi zweet Divisioun steigt. D’Plaze 4 a 5 ginn an de Barrage.

Back to Top
CIM LOGO