An der NHL war an der Nuecht op en Donneschdeg déi éischt vu 7 méigleche Finallen ëm de Stanley Cup. D'Partie gouf an der Overtime entscheet.

Fir den Optakt vun de Finallen ëm den Titel an der NHL ass et an der Nuecht op en Donneschdeg direkt héich hiergaangen. Um Enn setze sech d'Edmonton Oilers 4:3 no Verlängerung géint d'Florida Panthers duerch. Duebel markéiere fir Edmonton konnt dobäi den däitsche Superstar Leon Draisaitl, deen och an der Overtime deen entscheedende Gol geschoss huet.

Deen nächste Match an der Best-of-Seven-Serie ass an der Nuecht op e Samschdeg. D'lescht Joer ware béid Ekippe schonn an de Finallen openee getraff, mam besseren Enn fir d'Panthers. Elo wëllen d'Oilers dann no 35 Joer endlech erëm de Stanley Cup gewannen.