"Reprochë stëmmen net" seet de Gaston Parage "an ech hu Beweiser"

© RTL-Archiv
Hie wëll rëm President vun der Internationaler Powerlifting Federatioun ginn. De Weltverband wëll, dem Parage no, dëst mat alle Mëttele verhënneren.
Mat deels ferme Reprochë soll d’IPF probéieren, iwwert brittesch Press, d’Kandidatur fir de Presidenteposten vum Gaston Parage ze verhënneren. An engem Artikel an der Zeitung “The Times” geet rieds, esou wéi och aner Medien am Land schonn driwwer geschriwwen hunn, dass de Lëtzebuerger sech zu Sun City a Südafrika soll mat enger Prostituéierter getraff hunn a fir hier Déngschtleeschtunge soll bezuelt hunn.
Den Hoken un der Saach ass, dass Prostitutioun a Südafrika strofbar ass. Dowéinst koum och kuerz drop eng E-Mail vun enger anonymmer Persoun, déi eiser Redaktioun virläit, dass dowéinst 5.000 Euro fälleg wieren. Dës Uschëllegung géing esou net stëmmen, seet den Gaston Parage, deen dementéiert, dass Geld gefloss ass, awer confirméiert, dass et zu Geschlechtsverkéier koum. An der E-Mail geet och rieds vu Vergewaltegung an, dass d’Persoun no der Relatioun mam Lëtzebuerger schwanger wier. "Och dat stëmmt op kee Fall" sot de betraffenen am RTL-Interview.
Den 11. Mäerz 2025 ass de Gaston Parage, ob Basis vun dëse Reprochen, als President vun der IPF, aus enger Drocksituatioun eraus, zréckgetrueden. En plus hat de fréiere President vun der Internationaler Powerlifting Federatioun deemools och seng Beweiser net am Grapp, déi dës Uschëllegunge widderleeën sollen. Dëst soll sech awer geännert hunn, nodeems dem Gaston Parage e privat Detektiv engagéiert huet. Och dem Parage säi Fils huet weider Recherchë gemaach.
Am RTL-Interview huet de Gaston Parage och nach aner Dokumenter presentéiert, wéi zum Beispill e Bréif, dass déi Fra, mat där hien eng intim Relatioun hat, schrëftlech confirméiert huet, dass Südafrikanerin keng Prostituéiert wier an, dass et sech em eng kollegial Bezéiung gehandelt hätt.
Och e weidert Schreiwes vun enger Etude aus Südafrika läit eis vir. Dës Dokument soll confirméieren, dass un deem ganze Fall näischt drun ass. Nodeems de Gaston Parage ob der Lëscht fir de Presidenteposte vun der Internationaler Powerlifting Federatioun drop stoung, gouf de Lëtzebuerger, elo virun 2 Deeg, nees erof geholl.
“De Fall läit awer elo beim Court of Justice vun der IPF”, seet den Gaston Parage, deen ob Basis vun de Preuven, dass un de Reprochen näischt drun soll sinn, an, dass dësen Tëschefall dem Bild vun der IPF dowéinst och net schuede wäert, elo bewierke wëll, dass Memberlänner hien um Kongress als President wielen dierfen.
Well de Court of Justice awer net mat Zäiten den Dossier traitéiere kann stëmmen 125 Memberlänner um Kongress, den 11. Juni zu Chemnitz, an enger Motioun driwwer of, ob de Gaston Parage nees op der Lëscht vun de Presidente-Kandidaten ernimmt gëtt oder net. “Wann Memberlänner dogéint stëmmen, da wéisst dat jo kloer, dass si mech net wëllen an dann war et dat fir Geschicht mat menger Wéinegkeet an der IPF.”
Et ass awer weiderhi Méiglech, dass de Gaston Parage géint déi concernéiert Leit vun der IPF, déi dës Reprochen an Welt gesat hunn, wéinst Diffamatioun eng Plainte mécht.