Luerenzweiler gewënnt an der Finall 4:2 géint Useldeng
Fir d'éischter Kéier an hirer Veräinsgeschicht geet d'Coupe-FLF op Luerenzweiler.
Luerenzweiler huet sech e Samschdeg den Owend zu Kielen an der Finall vun der Coupe-FLF mat 4:2 géint Useldeng behaapt.
Béid Formatiounen hunn direkt probéiert, offensiv geféierlech ze ginn. Dat huet sech an der Ufanksphas och zweemol ausbezuelt. An der 9. Minutt huet de Filipe Martins Luerenzweiler a Féierung bruecht. Ronn 10 Minutte méi spéit konnt den Useldenger Kapitän Daniel Adam fir seng Faarwen ausgläichen. Duerno ass de Match ofgeflaacht. Déi zwou Ekippen hunn zwar probéiert, Golchancen erauszespillen, richteg geféierlech war dat awer net. Kuerz virun der Paus konnt de Jeff Heirens den 2:1 fir Luerenzweiler markéieren.
Och déi zweet 45 Minutten hu mat Cent à l'heure ugefaangen. Béid Ekippen haten hir Chancen. Virum Gol huet et awer entweder u Realismus gefeelt oder déi zwee Golkippe konnte sech auszeechnen. An der Suite huet Useldeng viru ronn 1200 Spectateuren zu Kielen zwar nach eng Kéier alles no vir gehäit, den Ausgläich ass hinnen awer réischt an der 93. Minutt gelongen. Den Jorge Martins konnt per Fräistouss egaliséieren. Déi Useldenger haten d'Rechnung awer ouni de Jeff Heirens gemaach. Den Inneverteideger konnt puer Amenter méi spéit den alen Ecart nees hierstellen. Sekonnen duerno huet den agewiesselten Duc Momo souguer nach op 4:2 erhéijt. Duerch dës 4:2-Victoire feiert Luerenzweiler den Doublé aus dem Opstig an d'Éierepromotioun an dem Gewënn vun der Coupe-FLF.