England bleift ongeschloen, Victoiren och fir Éisträich an Holland

© AFP
E Samschdeg den Owend war et d'Suite vum 3. Spilldag an der Futtball-WM-Qualifikatioun.
Fir England gouf et am drëtte Match vun der WM-Qualifikatioun déi drëtte Victoire. Beim Underdog Andorra huet sech d'Ekipp vum Thomas Tuchel mat 1:0 behaapt. Trotz dem knappe Resultat hunn d'Three Lions de Match dominéiert a vill Chancë leie gelooss. Den decisive Gol huet de Kane an der 50. Minutt markéiert.
Éisträich ass mat enger Victoire an d'WM-Qualifikatioun gestart. No Goler vu Gregoritsch (42') a Sabitzer (60') gouf et en 2:1-Succès géint Rumänien. D'Gäscht hate Sekonne viru Schluss duerch den Alibec verkierzt.
Eng gutt éischt Hallefstonn ass Holland duergaangen, fir erfollegräich an d'WM-Quali ze starten. Holland huet mat 2:0 duerch Goler vun de Depay (6') an Dumfries (23') a Finnland gewonnen. Schonn an der éischter Hallschent hunn d'Gäscht e Gang zeréckgeschalt an an den zweete 45 Minutte gouf d'Féierung du routinéiert iwwer d'Zäit bruecht.
Albanien a Serbien hu sech an enger hëtzeger Partie mat 0:0 getrennt. Déi bescht Chance op e Gol haten d'Haushären. De Manaj ass vum Punkt awer um Petrovic gescheitert.
Donieft huet nach Bosnien HerzegowinaSan Marino mat 1:0 geklappt a keng Goler sinn tëscht Malta a Litauen gefall.
E Freideg den Owend hat iwwerdeems Italien mat 0:3 an Norwegen verluer an d'Belsch war géint Nordmazedonien net iwwer en 1:1-Remis erauskomm. Fir béid Ekippe war et deen éischte Match an der WM-Qualifikatioun.
An de Gruppen A bis F gëtt den Ament nach net gespillt. Hei sinn nëmme véier Ekippe vertrueden, sou datt d'Qualifikatioun eréischt am September ufänkt. Lëtzebuerg kritt et am Grupp A mat Däitschland, Nordirland an der Slowakei ze dinn. D'Rout Léiwen hunn e Freideg e Frëndschaftsmatch géint Slowenien mat 0:1 verluer.
Den Iwwerbléck vun den Tabellen