Lëtzebuerg verléiert 0:3 géint Lettland

© Emile Mentz
Am véierte Match vun der Silver League gouf et fir d'FLVB-Selektioun déi véiert Defaite.
Géint Lettland, ee vun de Favoritten an der Editioun 2025, haten d'Lëtzebuerger Volleyballdammen zu Tiblisi (GEO) keng Chance. Mat 0:3 huet een um Enn verluer. Déi ustrengend fënnef Sätz vun e Freideg géint Georgien hunn dobäi sécherlech och net gehollef.
Lettland konnt an alle Sätz fréi a Féierung goen an huet virun allem duerch eng ausseruerdentlech gutt Defense den Ënnerscheed gemaach. Bei de Lëtzebuergerinne war d'Receptioun gutt, mee weder van Elslande nach Mulli kruten de Ball dacks genuch decisiv op de Buedem, fir drun ze bleiwen.
No den zwee verluerenen éischte Sätz (17:25, 17:25) hunn d'Rout Léiwinnen am drëtte Saz kee Fouss méi op de Buedem kritt a verléieren däitlech mat 11:25.
Elo heescht et raschten, fir den nächste Freideg beim Tournoi zu Lëtzebuerg géint den Äerzrival Island nees de Kapp fräi ze hunn.