Nodeems een e Freideg Island mat 3:0 geklappt huet, huet een um Sonndeg a 4 enke Sätz mat 3:1 géint Éisträich gewonnen.

E Sonndeg am Nomëtteg waren d'FLVB-Hären am Centre Atert zu Bartreng géint Éisträich gefuerdert.

Lëtzebuerg huet den 1. Saz mat 22:25 verluer a louch esou mat 0:1 a Réckstand. Am 2. Saz ass et genau esou spannend wieder gaangen, wéi den 1. opgehalen huet. D'FLVB-Formatioun konnt ausgläichen an deem een den zweete Saz mat 25:23 gewanne konnt.  Den drëtte Saz konnt Lëtzebuerg mat 25:20 wannen, et huet een eng weider staark a konzentréiert Leeschtung gewisen. Am véierte Saz hat Lëtzebuerg beim Stand vu 24:20 direkt e puer Mätchball. Den zweete sollt dann och genotzt ginn a d’Lëtzebuerger wennt net nëmmen de 4. Saz mat 25:21, mee gewënnt och de Match mat 3:1 géint Éisträich. Domat kann een och den zweete Match bannent 3 Deeg gewannen. E Freideg huet e sech jo mat 3:0 géint Island gewonnen.

Et ass een deemno optimal an des Silver League gestart, mat 2 Victoire aus 2 Matcher.

An 3 Tournoie gi jo 4 Finaliste gesicht. Déi nächste Lëtzebuerger Géigner heeschen de 13. a 14. Juni  Azerbaijan an Ungarn. D'Matcher ginn zu Baku am Azerbaija gespillt. De  27. an 28. Juni spillt d'FLVB-Formatioun dann zu Tiblisi a Georgien géint d'Lokalekipp an d'Färöer Inselen.