800 Athleten an Athletinnen waren an der Coque am Asaz

© Screenshot RTL
Den Tournoi konnt sech domat op der Internationaler Bün positionéieren. Aus Lëtzebuerger Siicht ass d'Lisa Vrosch e vun de Versprieche fir d'Zukunft.
D’Lisa Vrosch ass e gutt Beispill fir déi positiv Entwécklung vun der Jugendaarbecht déi an der leschter Zäit am Lëtzebuerger Taekwondo realiséiert gouf. Viru Kuerzem koum d’Jugendnationalekipp mat 4 Medaile vun engem internationalen Turnéier heem.
Am Taekwondo kann de Mätch schnell an déi eng oder aner Richtung kippen. Nodeems d’Lisa Vrosch déi 1. Ronn komfortabel gewonnen hat, louch d'Géignerin blëtz schnell, an der 2. Ronn mat 13 zu 2 a Féierung. Mat engem impressionante Finish, ass et der Studentin aus dem Sportslycée, an de leschte Sekonne gelonge fir de Mätch ëmzedréinen, a mat 13 zu 12 ze gewannen.
Mam Sekou Coulibaly, hunn déi jonk Sportler a Virbild an de Nationaltrainer e Plang.
Den Nationaltrainer an den den techneschen Direkter schaffe gutt zesummen an et bléist e frësche Wand. D’Aarbechts an d‘Trainingskonditiounen hu sech och duerch eng méi staark finanziell Ënnerstëtzung vum Sportministère verbessert.
Mat ronn 800 Athleten an Athletinnen aus 55 Länner, dorënner e puer Nationalekippen, huet de Lëtzebuerger Taekwondo sech mam Luxembourg Open op der Internationaler Bün positionéiert.