Leroy Sané ënnerschreift bei Galatasaray Istanbul

© AFP
No villen Diskussiounen ëm ee méiglechen neie Kontrakt beim FC Bayern huet den däitschen Nationalspiller elo een neie Veräin fonnt.
De Leroy Sané spillt vun der neier Saison u bei Galatasaray Istanbul. Schonn e Mëttwoch den Owend war den 29 Joer alen Offensivspiller an der tierkescher Haaptstad vun Dausende fanatesche Supporter empfaange ginn. En Donneschdeg koum dann déi offiziell Meldung vum Veräin, datt hien e Kontrakt bis 2028 ënnerschriwwen huet, dat mat engem Salaire vun 9 Milliounen Euro pro Saison.
De Leroy Sané war am Joer 2020 vu Manchester City bei den däitsche Rekordmeeschter op München gewiesselt. Viru senger neier Statioun an der Tierkei wäert hie fir d'éischt awer nach mat Bayern bei der FIFA Club-WM untrieden, déi e Samschdeg ufänkt.