En Donneschdeg den Owend war zu Oslo an Norwegen déi nächst Manche vun der Diamond League an der Liichtathletik.

D'Patrizia van der Weken ass en Donneschdeg den Owend beim Diamond-League-Meeting zu Oslo an Norwegen iwwer 100 Meter op déi véiert Plaz gelaf. Fir d'Lëtzebuergerin ass d'Auer no 11,16 Sekonne stoe bliwwen. Si ass domadder 16 Honnertstel iwwer hirem nationale Rekord bliwwen.

Gewonne gouf d'Course vum Julien Alfred vu Saint Lucia mat enger staarker Zäit vun 10,89 Sekonnen. Op déi d'zweete Plaz ass d'Marie-Josée Ta Lou-Smith vun der Côte d'Ivoire mat 11,00 Sekonne gelaf. D'Brittin Dina Asher-Smith huet de Podium mat 11,08 Sekonne komplettéiert.

Fir d'Patrizia van der Weken war et no Doha mat der 5. Plaz deen zweete Start an der Diamond League, der héchster Klass an der Liichtathletik, an dëser Saison. Zejoert hat d'Lëtzebuergerin den Exploit fäerdeg bruecht, fir d'Course iwwer 100 Meter beim Diamond-League-Meeting zu Paräis ze gewannen. Dat war bis dohinner nach kenger Lëtzebuergerin gegléckt.