De fréieren Nationalspiller soll e Kontrakt vun engem Joer bei der Squadra Azzurra kréien.

Déi italieenesch Fussballnationalekipp huet een neien Trainer. Wéi italieenesch Medie mellen, iwwerhëlt den Gennaro Gattuso de Poste vum Luciano Spalletti. De 47 Joer ale Gennaro Gattuso soll elo mol ee Vertrag fir 1 Joer ënnerschreiwen an d’Squadra Azzurra op d’Weltmeeschterschaft dat nächst Joer féieren.

De Gattuso, deen zu senger aktiver Zäit als ee vun deene beschte Mëttelfeldspiller vun der Welt gegollt huet, gouf als Spiller 2006 Weltmeeschter an huet laang Jore beim AC Mailand gespillt. Als Trainer war säi gréisste Succès bis elo de Gewënn vun der italieenescher Coupe mat Neapel. Déi italieenesch Nationalekipp stécht aktuell an enger Kris, bei deene leschten zwou Weltmeeschterschafte war een net mat dobäi an och an der aktueller Qualifikatioun leeft et net wierklech ronn.