Néierlag fir d'Rout Léiwe géint Ungarn

© Pressphoto (Archiv)
Lëtzebuerg kasséiert mam kloren 0:3 géint Ungarn déi éischt Defaite an der Silver League.
Et war den erwaart schwéiere Match géint Ungarn fir d'FLVB-Hären. D'Osteuropäer (49) stinn an der Weltranglëscht zéng Plaze virun de Lëtzebuerger (59). Trotzdeem waren d'Rout Léiwe mat vill Selbstvertrauen an de Match gaangen, dat wéinst 3 Victoiren aus 3 Matcher géint Éisträich, Aserbaidjan an Island.
No 72 Minutten zu Baku sollt et awer mat 0:3 (17:25, 21:25, 16:25) déi éischt Néierlag am véierte Match vun der Silver League ginn. Lëtzebuerg bleift bis op Weideres Tabelleleader, mee net all Ekipp huet déi selwecht Unzuel u Matcher. Déi éischt zwou Ekippe spillen eng Finall aus. Ungarn hat bis dohi kee Match an der Silver League absolvéiert.
Lëtzebuerg war schlecht an de Match komm an ass séier engem Réckstand vu 5 Punkten hannendru gelaf. Ungarn louch no 9 Ballwiesselen 7:2 vir. An der Mëtt vum éischte Saz konnten d'Ungaren de Virsprong souguer op tëschenzäitlech 9 Punkten ausbauen. Um Enn stoung et 17:25 aus der Siicht vu Gilles Braas, Chris Zuidberg a Co.
Am zweete Saz waren et d'Lëtzebuerger, déi de bessere Start haten an ëmmer mat 1-2 Punkte vir louchen. Et huet sech e spannende Saz entwéckelt, wou d'Féierung hin an hier gaangen ass. Déi lescht sechs Ballwiessele waren awer entscheedend. Dovu goungen nämlech fënnef un d'Magyaren, sou dass et no 40 Minutte gespillte Minutte 25:21 fir Ungarn stoung.
D'Ekipp vum Nationaltrainer Pompiliu Dascalu huet am drëtte Saz alles op eng Kaart gesat an hat wéi am Saz virdrun de bessere Start. An der Mëtt vum Duerchgang ass de Lëtzebuerger awer d'Loft ausgaangen an d'Ungare konnten aus engem 8:8 e 16:9 maachen, woumat de Match duerch war. Sou goung och den drëtte Saz mat 25:16 kloer un d'Osteuropäer. De Christian Galoppo huet am Ganzen aacht Punkte fir Lëtzebuerg gesammelt a war mam Mateja Gajin (7) beschte Scorer.
Den nächste Match fir d'FLVB-Häre steet de 27. Juni zu Tiflis géint Georgien um Programm. Een Dag duerno geet et dann am leschte Match vun der Silver League géint d'Färöer Inselen.
D'Lëtzebuerger Damme waren e Samschdeg net am Asaz. D'Ekipp ronderëm d'Emma van Elslande huet hiren nächste Match e Sonndeg géint d'Färöer Inselen. Si hoffen do op déi éischt Victoire an der Silver League. D'Färinger hunn e Samschdeg géint Island 0:3 de Kierzere gezunn. D'Lëtzebuergerinnen haten e Freideg knapp 2:3 géint Island verluer. De Match kënnt Dir am Livestream op RTL.lu suivéieren.