Volleyball: Silver League
D'FLVB-Damme landen op der 8. Plaz

© pressphoto (Archiv)
An der 6. a leschter Partie gouf et eng kloer 3:0-Victoire géint d'Färöer Inselen. Et war den 1. Succès fir d'Rout Léiwinnen an der Campagne.
Den éischte Saz war nach laang serréiert, mee d'FLVB-Dammen hunn deen um Enn souverän mat 25:20 gewonnen. D'Gäscht waren an der 2. Manche vum Rullo an d'Lëtzebuergerinne konnte sech mat 25:11 duerchsetzen. Den 3. Saz war nees ausgeglach, mee Lëtzebuerg hat déi besser Nerven a konnt dee Saz mat 25:20 fir sech entscheeden.
Duerch dës Victoire koum Lëtzebuerg op déi 8. Plaz an der Tabell. 9 Ekippe waren am Grupp dobäi.
Am meeschte gelies