Eng Table ronde iwwer d'Thema Sport a Gesondheet, eng Fotosausstellung, e Laftreff, eng Revival Soirée mat Temoignagen, engem Film, an engem Buch, geschriwwe vum Pierre Gricius, deen d'Lëtzebuerger Sportzeen kennt wéi kaum en aneren.
De Pierre Gricius huet sech och mat der Paritéit, Männer-Frae beschäftegt, déi sech wéi e roude Fuedem duerch de Vollekslaf zitt. Och hautzedaags sinn zu Walfer, genee esou wéi op deenen anere Stroosseleef ronn zwee Drëttel Männer an een Drëttel Fraen um Depart.
Mam Marianne Dondelinger steet zanter 13 Joer eng Fra un der Spëtzt vum Vollekslaf. Zur Geleeënheet vum 50. Anniversaire gouf och en Timber editéiert. Huet ee Loscht, fir e Bréif ze schreiwen, da kann hien de Walfy mat op d'Rees schécken. De Walfy ass omnipresent. Selbstverständlech och um Gebuertsdagskuch. Traditiounsgeméiss ass de Vollekslaf um Pappendag. An Zukunft, vläicht och eemol um Mammendag. Fir den Ament emol Rendez-vous e Sonndeg de Moien zu Walfer mam Walfy selbstverständlech.