
D’Leeferin vu St. Lucia ass déi 100 Meter an 10 Sekonnen a 75 Honnertstel gelaf an huet en neie Meeting-Rekord opgestallt. Op d’Plazen 2 an 3 koumen d’Dina Asher-Smith (10,93 Sekonnen) an d’Marie-Josée Ta Lou-Smith (11,00 Sekonnen).
D’Patrizia van der Weken ass 18 Honnertstel iwwer hirem nationale Rekord bliwwen. No Doha an Oslo war et fir d’Lëtzebuergerin den 3. Start bei engem Diamond-League-Meeting an dëser Saison.
E Weltrekord gouf et virun eegenem Public och fir den Armand Duplantis. Am Stafhéichsprong ass de Schweed 6 Meter an 28 Zentimeter gesprongen. Säin eegene Weltrekord huet hien ëm een Zentimeter verbessert.