Ruben Querinjean qualifizéiert sech mat nationalem Rekord fir d'WM

© ATP/Luxpress
Um Liichtathletik-Meeting zu Turku a Finnland war en Dënschdeg den Owend nieft dem Ruben Querinjean och nach d'Patrizia van der Weken am Asaz.
De Lëtzebuerger Ruben Querinjean huet beim internationale Meeting zu Turku säin nationale Rekord iwwer 3.000 Meter Steeple ëm iwwer 4 Sekonnen op 8 Minutten, 14 Sekonnen an 33 Honnertstel verbessert. Domadder huet hie sech fir d'WM zu Tokio qualifizéiert. An der Course ass hien de Véierte ginn.
Gewonne gouf d'Course vum Frederik Ruppert (8:10.39) aus Däitschland.
D'Patrizia van der Weken ass iwwer d'100 Meter déi Fënneft ginn. Si ass eng Zäit vun 11,20 Sekonne gelaf. Fir d'Lëtzebuergerin war et déi drëtt Course bannent fënnef Deeg. D'Victoire huet sech d'Neiséilännerin Zoe Hobbs mat engem Chrono vun 11,07 Sekonne geséchert.
D'Patrizia van der Weken huet sech och scho fir d'WM qualifizéiert. Domadder wieren den Ament zwee Lëtzebuerger zu Tokio mat dobäi.