Lëtzebuerger Rekordchampion presentéiert neien Trainerstaff an nei Spiller
Um Mëttwoch war op der Escher Grenz eng Pressekonferenz vun der Escher Jeunesse, dem Rekordchampion am nationale Futtball.
Den Trainerstaff gouf presentéiert esou wéi och déi nei Spiller. Virun engem Mount war jo scho bekannt ginn, datt de Reinhold Breu de Coach vun de Schwaarzwäisse géif ginn. Hien ass och Coordinateur Général beim Veräin.
De 54 Joer alen däitschen Trainer ass bei eis virum allem bekannt, well hie vun 2011 bis 2021 techneschen Direkter bei der FLF war.
Dono ass de Breu gereest, fir ënner anerem Co-Trainer zu Wien ze sinn an hie war och Interimstrainer vun der Litauescher Nationalekipp, wou hien an der Nations League am Joer 2022 géint d’Rout Léiwen de Kierzere gezunn hat. De Reinhold Breu war och an de Joren 2014 an 2015 Co-Trainer vum Luc Holtz bei der A-Selektioun.

© Serge Olmo
Ronn 70 Prozent vun der Ekipp vun der leschter Saison si bei der Jeunesse bliwwen. Sechs nei jonk Elementer goufen op d’Grenz geholl. Et sinn alles Spiller, déi an de Jugendselektioune waren oder sinn.
Déi nei Escher sinn:
- Christophe Andrade (18 Joer, F91, huet eng Selektioun bei der A-Nationalekipp)
- Leon Elshan (21 Joer, Péiteng)
- Sergio Englaro (23 Joer, Ettelbréck, Golkipp)
- Tim Flick (19 Joer, F91)
- Roni Klisurica (21 Joer, Kerkrade)
- Adrien Scholler (19 Joer, Fola)
- Eun-Soo Yeo (23 Joer; hien ass Südkoreaner an ass zanter Januar bei der Jeunesse)
D’Ekipp vun der Grenz ass 28 Mol Champion ginn. Déi leschte Kéier war et am Joer 2010. 13 Mol konnt d’Coupe gewonne ginn. Déi lescht Victoire an enger Coupefinall war 2013.
Finanziell sinn déi Escher iwwer de Bierg, obwuel d’Situatioun net berauschend ass. Dem President Marc Theisen no konnten déi talentéiert Lëtzebuerger Spiller rekrutéiert ginn, well et fir si eng Motivatioun war, mam Reinhold Breu ze schaffen, dee si aus der Futtballschoul kennen.