De Boris Becker gewënnt zu Wimbledon

© dpa Picture-Alliance via AFP
Net gesat, als éischten Däitschen a bis haut als jéngste Wimbledon-Gewënner iwwerhaapt, geet 1985 um Hellege Wuess en neie Stär um Tennis-Himmel op.
1985 ass de Boris Becker Juniorweltmeeschter a gewënnt säin éischten Tennis-Grand-Prix am Queen's Club zu London. Duerno geet et weider op den Hellege Wuess vu Wimbledon. D'Joer virdrun hat hien do schonn an der drëtter Ronn mussen opginn. Mee, de Boris hat Blutt geleckt.
D'Aventure vun 1985 fänkt awer mat engem Feelstart un. Den éischte Saz an der éischter Ronn verléiert den däitschen Nowuesssportler zu London. Mat enger Victoire a véier Sätz géint den Amerikaner Henry Pfister kënnt de Becker an déi zweet Ronn, an där hien an dräi Sätz kuerze Prozess mécht mam Amerikaner Matt Anger. D'Partien an der drëtter Ronn an an der Aachtelsfinall gi jeeweils zum Krimi. De Boris muss a béide Matcher iwwer fënnef Sätz goen, a spillt sech dobäi lues awer sécher an d'Häerzer vun de Spectateuren. De spéider bekannte "Becker-Hecht" an déi berüümte "Becker-Faust" fannen hei hiren Usprong. Mat zwou weidere Victoiren iwwer véier Sette géint den Henri Leconte an den Anders Järryd packt de rout-blonde Schlacks vu Leimen et tatsächlech an déi Finall, déi weltwäit am meeschte Prestige ze bidden huet.
Géigner ass haut viru 40 Joer de Kevin Curren. De Südafrikaner mat amerikaneschem Pass huet op sengem Wee an d'Finall nieft dem Stefan Edberg, seng Landsmänner John McEnroe an Jimmy Connors eliminéiert a gëllt als klore Favorit. Mee d'Sympathien an de Momentum sinn op der Säit vu sengem däitsche Konkurrent. An enger enker Partie iwwer véier Sätz kann de Becker sech um Enn mat 6:3 6:7, 7:6 a 6:4 duerchsetzen. Hie gëtt domat de jéngste Gewënner vun engem Grand-Slam-Tournoi, an ass bis haut dee Jéngsten, deen d'Wimbledon Championships gewanne konnt. Iwwregens ass hien dee leschte Gewënner zu London, dee mat wäisse Bäll gespillt huet. D'Joer drop sollte se giel ginn.

© dpa Picture-Alliance via AFP
Dat 17 Joer jonkt "Wunderkind" gëtt duerno zum Superstar. Vun 0 op 100 ginn d'Karriär an d'Bekanntheet vum Bumm-Bumm-Boris, dee nach gréng hannert den Oueren ass. De Becker wäert an der Suite Wimbledon als seng Stuff bezeechnen, als déi schéinsten Zäit vum Joer, wéi Chrëschtdag. D'Joer drop kann hie géint den Ivan Lendl säin Titel verdeedegen. Eng drëtt Victoire geléngt dem Becker 1989 géint de Stefan Edberg. Deem géintiwwer stinn awer och dräi Néierlagen an der Finall vu Wimbledon - déi ellenst ass wuel déi vun 1991 géint säi Landsmann a Rival Michael Stich. D'Joer drop wäerte se iwwregens zu Barcelona zesummen Olympia-Gold fir Däitschland gewannen am Dubbel.

© AFP
Well parallel bei den Dammen och de Stär vun engem gewësse Stefanie Graf opgeet, geréit Däitschland an de Joren duerno an e reegelrechten Tennis-Boom. D'Steffi an de Boris gëllen als Dramkoppel - um Terrain. Allebéid wäerte se et bis un d'Spëtzt vun hire jeeweilege Weltranglëschte packen. Joren duerno wäert de Boris Becker dës onerwaarte Victoire vun 1985 als Deel vu senge spéidere Problemer ausmaachen. Hätt hie mat Ufank 20 do gewonnen, hätten d'Leit net esou e Wonnerkand an him gesinn, sot de fréiere Sportler an engem rezenten Interview. 40 Joer no Wimbledon wënscht sech de Boris Becker, méi respektvoll behandelt ze ginn, an dass seng Leeschtungen als beschten däitschen Tennisspiller méi gewierdegt solle ginn.

© AFP