Am Virfeld vun der Generalversammlung e Mëttwochowend huet de Lëtzebuerger Volleyballverband den neie Ligasponsor presentéiert.

Fir déi nächst 3 Saisonen huet d'FLVB e Kontrakt mam Telecomsacteur MIXVOIP ënnerschriwwen.
Vun der neier Saison un heeschen d'Nationaldivisioune vun den Dammen an den Hären am Volleyball MIXVOIP League.
D'Saison fänkt den éischte Weekend am Oktober un. Déi Woch virdru wäert d'Supercoupe gespillt ginn.
 
Duerno goung et dann zum uerdentleche Kongress iwwer, wou an den dräi Ouverturesrieden een Thema dominéiert huet: De Benevolat. Esouwuel fir de Vertrieder vum Organisateur Patrick Wagner (CHEV Diekirch), der Presidentin vun der FLVB Norma Zambon, ewéi och fir de Sportminister Georges Mischo kënnt de benevollen Asaz u seng Limitten. Dem Minister no wier eng Partnerschaft tëschent benevollen a professionellen Dirigeanten eng Pist fir d'Zukunft. An dëser Strategie wäert de Subside Qualité+ e Kärelement sinn. Nodeems an de leschte Jore schonn an d'Professionaliséierung vun de Verbänn investéiert gi wier, an dat och seng Friichten dréit, géif een elo de Schratt Richtung Veräiner maachen.
 
En anert Thema waren déi eidel Schoulsportinfrastrukturen, déi alle Veräiner ze schafe maachen. Grad an de Vakanzen, wou kéinte Stagë mat de Kanner organiséiert ginn, wieren d'Sportshale vun de Lycéeën zou. De Sportminister huet annoncéiert, am Hierscht zesumme mam Educatiounsminister e Konzept virzeleeën, fir dem Problem entgéint ze wierken.
 
D'FLVB-Presidentin Norma Zambon huet an hirer Ried déi excellent Leeschtunge vun den Nationalekippe bei de Spiller vun de klenge Länner ervirgehuewen. Houfreg ass si och op eng weider Rekordzuel (3.551) vun aktive Lizenzen an ageschriwwenen Ekippen.
 
Nodeems déi verschidde Kommissiounsrapporten aus dem vergaangenen Exercice guttgeheescht goufen, konnten och d'Statutenännerung am Kader vum neien ASBL-Gesetz par acclamation approuvéiert ginn.
 
Bei de proposéierten Ännerungen um interne Reglement hu sech d'Vertrieder vun de Veräiner virun allem mat enger Propos opgehalen. Hei geet et drëm, datt d'Nationaltraineren net méi gläichzäiteg och Trainer bei engem Club sinn. Et gouf vill Wuertmeldungen an nodeems all d'Argumenter um Dësch louchen, gouf d'Propos vum VC Fenteng rejetéiert. De Conseil vum Verband huet de Veräiner awer zougestanen, datt et hei e gréissere Malaise gëtt a wëll dat bis dat anert Joer an engem Aarbechtsgrupp zesumme mat de Veräiner opschaffen an en neien Text ausschaffen.
 
Duerno gouf nach der Carole Hepp (Arbitterkommissioun), der Françoise Rossi (Finanzkommissioun) an der Norma Zambon (Presidentin) hiert Mandat ëm eng weider Period verlängert.
 
Vakant bleiwen d'Poste vum Generalsekretär, dem Tresorier an de Presidente vun de Loisirs- a Beachvolleyballkommissiounen.
 
No 3 Stonne gouf de Kongress clôturéiert. Den nächsten uerdentleche Kongress wäert vum VC Mamer organiséiert ginn.