Formel 1 2026Audi geet mat groussen Ambitiounen an d’Formel 1

Ben Schlammes
No iwwer 100 Joer Motorsport-Geschicht lancéiert Audi mam R26 eng nei Ära. De Nico Hülkenberg an de Gabriel Bortoleto wäerten déi traditiounsräich däitsch Mark 2026 fir d'éischte Kéier iwwerhaapt an der Formel 1 vertrieden.
Den éischte Formel 1 Auto vun Audi
Den éischte Formel 1 Auto vun Audi
© Audi Revolut F1 Team

En Dënschdeg den Owend war et endlech sou wäit. Audi huet säi Formel-1-Rennwon fir d’Saison 2026 dem Grand Public virgestallt. Um offiziellen Event zu Berlin sollt direkt kloer ginn, dass Audi net just an der Formel 1 matfuere wëllt. D’Motorsport-Ikon peilt Victoiren un an huet eng kloer Visioun.

Et ass den Ufank vun eppes Aussergewéinlechem. Mir trieden enger Rennserie net bäi, fir just matzefueren, mee fir ze gewannen, z’innovéieren an sou de Sport no vir ze bréngen”, betount den Dr. Gernot Döllner, CEO vun Audi. Seng Mark géif schliisslech fir Innovatioun, Courage a Virsprong duerch Technik stoen.

Passend zu de Changementer bei de Reegele fir déi nei Saison gëtt et am Numm vun der Ecurie wuel déi gréisste Verännerung. Sauber ass Geschicht an Audi een neit Gesiicht an der Formel 1. Och déi traditionell gro-rout-schwaarz Audi-Lackéierung um Auto huet näischt méi mam gréng-schwaarze Sauber-Muster vun de leschten zwee Joer ze dinn. Déi véier Reng um Auto an de fuschneien Audi-Motor sti fir eng komplett nei Identitéit: d’Audi Revolut F1 Team.

Den Team-Chef Jonathan Wheatley, bis 2024 bei Red Bull an der Kinneksklass vum Automobilsport täteg, ass houfreg op dat, wat seng Ecurie bis elo geleescht huet. “Den Auto verkierpert all déi haart Aarbecht vun engem immens talentéierte Grupp vu Leit. Mir lancéieren dës nei Ära mat Stolz, mee och mat Bescheidenheet. Dat hei ass just den Ufank vun eisem Challenge, eng Ecurie op d’Been ze stellen, déi mat all Erfarung besser gëtt a schlussendlech eist laangfristegt Zil op der Streck zur Realitéit mécht.” 2030 wëllt Audi ëm de Weltmeeschtertitel matfueren.

Un de Fuerer huet sech bei der Wierks-Ecurie am Verglach zur leschter Saison näischt geännert. De Nico Hülkenberg (38), deen 2025 zu Silverstone bei senger 239. Course säin éischte Formel-1-Podium feiere konnt, huet a senger 15. Saison nees de Gabriel Bortoleto (21) u senger Säit, dee säi Rookie-Status, ënner deem hien d´lescht Joer ëmmerhin 19 Punkte sammele konnt, elo lass ass.

Fir den erfuerenen däitsche Pilot ass et eng grouss Éier, vun Ufank un een Deel vun dësem Projet ze sinn. “Ech spieren een enormen Éiergäiz a vill Energie an der Ecurie. Eis kloer Visioun gëtt duerch immens Ressourcen an eng Weltklass-Expertise ënnerstëtzt. Mir hunn d’Chance, fir hei eppes ganz Spezielles op d’Been ze stellen”, mengt de Nico Hülkenberg.

Fir de Gabriel Bortoleto ass et een Dram, deen an Erfëllung geet. “Wéi ech opgewuess sinn, hunn ech dauernd iwwer d’Dominanz vun Audi zu Le Mans an am Rallye héieren. Dëst Vermiechtnes elo an d’Formel 1 z’iwwerdroen, ass eng riseg Éier fir mech. Sou eng Chance kritt ee just eemol a sengem Liewen.

Wann den 8. Mäerz zu Melbourne déi fënnef rout Luuchten eng éischte Kéier an dësem Joer ausginn, wäert sech erausstellen, ob Audi och an der Kinneksklass vum Automobilsport vir mat dobäi ass.

Back to Top
CIM LOGO