
Iwwer d’Aussepolitik war en Dënschdeg um Krautmaart debattéiert ginn, do gouf et och esou munches ze diskutéieren. Op Ufro vun de Piraten an deene Lénken ass an enger Aktualitéitsstonn iwwer déi aktuell Revendicatioune vum Amerikanesche President Donald Trump fir Grönland riets gaangen, an och iwwer déi Lëtzebuerger Haltung zu Venezuela hu sech d’Deputéiert an der Chamber ausgetosch.
D’Relatioun mam grousse Brudder déisäits vum Atlantik muss ferm iwwerduecht ginn: Dat ass emol d’Meenung vum Sven Clement vun de Piraten an dem David Wagner vun déi Lénk, déi d’Aktualitéitsstonn ugefrot hunn. Fir de Sven Clement wieren d’Diskussiounen ronderëm Grönland een Test.
“D’Gefor läit net am oppene Konflikt, mä doranner, datt mer dobausse weisen, datt d’Solidaritéit op eemol verhandelbar gëtt. A Grönland ass en Testfall. Ass territorial Integritéit am Bündnis onantastbar oder verhandelbar? “
Den David Wagner vun déi Lénk huet ënnerstrach, datt d’Entféierung vum Venezuelanesche President Maduro duerch d’USA illegal wier. Europa hätt genuch Moyenen, fir d’USA ënner Drock ze setzen, et misst ee fort kommen vum Atlantismus, esou nach den David Wagner.
Méi differenzéiert hunn d’Majoritéitsparteie geschwat. De Fraktiounschef vun der CSV Laurent Zeimet huet betount, datt een trotz aller berechtegter Kritik, d’Frëndschaft mat den USA wéilt bäibehalen.
“An deenen 80 Joer hu mer vill zesummen duerchgemaach. Mir waren ëmmer enk verbonnen, och wa mer eis dacks net eens waren. An et ass nach net esou laang hier, datt mer fréier amerikanesch Presidenten och fir hir Politik kritiséiert hunn, ob dat een Obama war oder ee Bush war. Mee et ass ni esou wäit komm wéi hei, wou mer eis mussen d’Fro stellen, jo, kréie mer hei d’Frëndschaft gekënnegt oder wat ass lass? Mir wëllen déi Frëndschaft op alle Fall net kënnegen.”
Den DP-Politiker Gusty Gras huet sech däitlech géint all territorial Uspréch vun den USA géintiwwer Grönland an Dänemark ausgeschwat. Et géif schliisslech ëm d’Zukunft vun der NATO goen. Méi kritesch Téin vis-a-vis vun der Regierung koume vun der Oppositiounsbänk: Den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten hätt sech an Saache Venezuela eng méi kloer Positioun vun der Regierung erwaart.
“Et ass eng Violatioun vum internationale Recht duerch d’USA. Punkt. An ech soen et bewosst esou däitlech, well et genee dat ass, wat den Ament feelt. Kloerheet. Ze vill Regierunge verstoppe sech hanner diplomatesche Floskelen, fir net mussen ze soen, wien et ass, deen hei d’Reegele brécht. Och de Communiqué vun eiser Regierung gehéiert leider dozou.”
Den Ausseminister Xavier Bettel huet un den Zesummenhalt vun Europa appelléiert an och ënnerstrach, datt een a béide Fäll um internationale Recht misst festhalen.
“Mir sinn déi Klengst op der Weltkaart. A wann dat internationaalt Recht ka mer d’Féiss getrëppelt ginn a mir soen alleguerten ‘Jo an Amen’ a mir acceptéieren et, dann ass dat och eng Gefor fir e klengt Land wéi Lëtzebuerg. Dat internationaalt Recht ass eis beschte Garantie am Fong fir eis.”
Et wier wichteg, datt déi international Partner weider zesummeschaffen, esou nach den Ausseminister. Well mat der ganzer Situatioun géif ee just engem eng Freed maachen an dee séiz am Kreml.