Diogo Jota a Portugal bäigesat

© MIGUEL RIOPA / AFP
Famill, Frënn a Matspiller hu bei enger emotionaler Trauerfeier dem Diogo Jota a sengem Brudder André Silva hir lescht Éier erwisen.
De Liverpool- a Portugal-Stiermer Diogo Jota a säi Brudder André Silva goufen e Samschdeg an hirem Heemechtsduerf Gondormar a Portugal bäigesat. Dat nëmmen e puer Deeg no hirem déidlechen Autosaccident a Spuenien.
Famill, enk Frënn a Matspiller ware beim Begriefnes an der Heemechtsstad Gondomar bei Porto derbäi. D’Zeremonie gouf vum Bëschof vu Porto geleet.

D'Rute Cardoso ass direkt hannert dem Sarg vun hirem Mann gaangen. / © MIGUEL RIOPA / AFP
De Liverpool-Kapitän Virgil van Dijk huet eng Gerbe a Form vun engem Liverpool-Trikot mat der Nummer 20 vum Jota néiergeluecht. De Liverpool-Spiller Andy Robertson huet eng Gerbe mat der Nummer 30 vum André Silva néiergeluecht.

© FILIPE AMORIM / AFP
Beim Begriefnis mat dobäi waren och Coequipieren aus der Nationalekipp: Bernardo Silva, Bruno Fernandes, Danilo Pereira an de Joao Felix – esou wéi de Coach Roberto Martinez. De Cristiano Ronaldo, Kapitän vun der Nationalekipp, war net do.
Och de portugisesche President Marcelo Rebelo de Sousa, an de Premier Luis Montenegro hunn déi zwee Futtballer op hirem leschte Wee begleet.
Den Doud vum portugisesche Nationalspiller a sengem Brudder huet eng Well vun Emotiounen ausgeléist – am Futtball an doriwwer eraus.
Zu Liverpool gouf e Kondolenzbuch ausgeluecht an d’Fändele goufen op Hallefmast gesat. Honnerte Supporter hu Blummen, Ballonen, Trikoten a Schale mat der Opschrëft "Schlof a Rou, Diogo Jota" virum Anfield-Stadion néiergeluecht.
Och an der Futtballakademie vum Diogo Jota zu Gondomar, no beim SC Gondomar wou hie seng éischt Schrëtt am Futtball gemaach huet, gouf eng Gedenkplaz mat Blummen, Schale, Käerzen an Trikoten ageriicht.
"Merci, Diogo Jota," stoung op engem handgeschriwwene Message vun engem Kand.
Den Diogo Jota (28) an den André Silva (25) waren en Donneschdeg ëm d'Liewe komm, nodeem hiren Auto am Nordweste vu Spuenien vun der Autobunn ofkomm an a Flamen opgaange war – just annerhallef Woch nodeems de Jota seng Hochzäit zu Gondomar gefeiert hat.