D'Lëtzebuergerin huet hiren eegenen nationale Rekord iwwer 1500 Meter verbessert.

D'Vera Bertemes ass e Samschdeg bei engem Meeting zu Poznan a Polen en neien nationale Rekord iwwer 1500 Meter gelaf. D'Lëtzebuergerin ass a véier Minutten, fënnef Sekonnen an 58 Honnertstel 34 Honnertstel ënnert hirem ale Rekord bliwwen. Deen hat si d'lescht Joer op der nämmlechter Pist realiséiert.